Aten-Asteroid

Vu Wikipedia
Atenasteroidegrupp (gréng). D'Sonn ass am Zentrum a ronderëm d'Planéite Merkur (schwaarz), Venus (giel), Äerd (blo) a Mars (rout).

Aten-Asteroide sinn Asteroide mat Bunnhallefachsen déi méi kleng si wéi 1 AE an Apheldistanzen déi méi grouss si wéi 0,9833 AE, wat der Periheldistanz vun der Äerd entsprécht. Si sinn also och Äerdbunnkräizer. E puer Aten-Asteroiden hunn e Perihel, dee banne vun der Venus- oder souguer vun der Merkurbunn läit. Si zielen dann zu de Venus- resp. Merkurbunnkräizer.

Den 900 Meter groussen (2062) Aten deen der Typklass den Numm ginn huet, gouf 1976 entdeckt a kënnt op senger Bunn (0,79–1,14 AE) der Äerd all 10.000 Joer zimmlech no. Weider bekannt Vertrieder sinn den (2100) Ra-Shalom, (2340) Hathor an den (3753) Cruithne.

1990 waren 9 Stéck vun deem Typ bekannt, 1999 waren et der 60, am November 2003 196, an den 30. Dezember 2010 waren et der 678. Am Januar 2015 waren 888 Stéck bekannt.[1]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. NASA-Statistik Gearchiveerd op 2017-04-03. Gekuckt de(n) 2015-01-07.