Atert (Baach)
| Atert | |
| Längt | 38 km |
| Héicht vun der Quell oder Zesummelaf |
406 m |
| Duerchschnëttsdebit | m³/s |
| Fläch vum Baseng | 298,9 km² |
| Leeft an: | Uelzecht |
| Floss - Hydrologie | |
D'Atert (fr.: Attert) ass en Niewefloss vun der Uelzecht.
Si entspréngt am Kielbësch, südlech vu Nobressart, Gehaanselchert op Lëtzebuergesch, an der Belsch.
Tëschent der Uertschaft Atert an Nidderkolpech leeft s'iwwer d'belsch-lëtzebuergesch Grenz. Ee Véirel vun hirem Baseng läit an der Belsch, dräi Véirel zu Lëtzebuerg.
D'Atert fléisst laanscht d'Uertschafte Nidderkolpech, Ell, Réiden, Räichel, Iewerleng, Useldeng, Béiwen un der Atert a Biissen, ir se zu Kolmer-Bierg an d'Uelzecht leeft.
1998 hunn 23 Gemengen an Associatiounen am Atert-Baseng den Atert-Kontrakt (ergänzt 2001 duerch eng Charta) ënnerschriwwen. Dës gesäit eng nohalteg Notzung vum Floss a sengem Baseng vir, an huet deem virgegraff, wat an der europäescher Waasser-Caderdirective vun 2000 virgesinn ass, nämlech eng Gestioun vun de Gewässer op Grondlag vun hirem Baseng, an net vun territoriale Grenzen.
D'Atert ass ronn 38 km laang, dovunner 30,5 km op lëtzebuergeschem Territoire.
Nieweflëss vun der Atert [änneren]
An der Belsch [änneren]
|
|
Zu Lëtzebuerg [änneren]
|
|
Literatur zum Thema [änneren]
- Mirjam Oesch (Text) a Guy Hoffmann (Fotoen): Das Tal der Attert - Portrait einer grenzüberschreitenden Region, an den Éditions Guy Binsfeld, September 2007, et gëtt och eng franséisch Editioun vum Buch. 160 Säiten, 200 Fotoen.
- Nehrenhausen, Jeannot: 'Un der Atert, no beim Waasser...' Redingens heimliche Lokalhymne, In: Luxemburger Marienkalender. - Jg. 121(2002), p. 126-136, ill.
Kuckt och [änneren]
- Kropemann
- Parc naturel de la vallée de l'Attert
- Lëscht vun de lëtzebuergesche Waasserleef
- Lëscht vun de belsche Waasserleef
Portal Belsch, eng Iwwersiicht vun Artikelen iwwer d'Belsch
Um Spaweck [änneren]
| Commons: Attert (Floss) – Biller, Videoen oder Audiodateien |