Eisebunnsstreck Péiteng-Ettelbréck

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Atertlinn)
Erënnerungsplackett op der Ettelbrécker Gare. Den Autorail op der Plack ass een De Dietrich
D'Atertlinn zu Bissen am Juni 2008
Vëlospiste zu Huewel um Tracé vun der fréierer Atertlinn.

De Bau vun der Eisebunnsstreck Péiteng-Ettelbréck, besser ënner dem Numm Atertlinn bekannt wéinst hirem Tracé laanscht d'Atert, geet zeréck op eng Konventioun tëscht dem lëtzebuergesche Staat an der Société anonyme des chemins de fer des bassins houillers du Hainaut vum 14. Dezember 1868 respektiv dem 27. Februar 1869, déi an engem Gesetz vum 19. Mäerz 1869 festgehale gouf. Wéi den 10. Mee 1869 d'Compagnie des chemins de fer Prince-Henri gegrënnt gouf krut si d'Rechter an d'Flichte vun der belscher Gesellschaft iwwerdroen, déi mat Aktionär war, an 49.375 Aktië vun am Ganze 50.000 an hirem Besëtz hat. Déi éischt Gesellschaft vum Prënz, wéi se am Volleksmond genannt gouf, huet d'Atertlinn grad sou wéi de Rescht vun hirem Streckennetz bis 1877 exploitéiert. Wéinst Finanzschwieregkeete gouf se du liquidéiert an hir Geschäfter goufe vun der Société anonyme luxembourgeoise des chemins de fer et minières Prince-Henri, där hir Statuten den 28. Oktober 1877 duerch en Arrêté Royal grand-ducal approuvéiert goufen, bis zur däitscher Occupatioun 1940 weidergefouert.

Déi éischt Deelstreck vu Péiteng op Stengefort gouf den 1. August 1873 a Betrib geholl. Den zweeten Tronçon, vu Stengefort op Ettelbréck, gouf eréischt de 17. Abrëll 1880 (33,83 km laang) ageweit. Fir d'éischt huet nach missen e 690 Meter laangen Tunnel, dee längsten Eisebunnstunnel zu Lëtzebuerg, tëscht Habscht an Huewel gegruewe ginn. D'Atert-Linn war domat 52,19 km laang.

Bis 1876 si PH-Zich an d'Klengbettener Gare op e Stompgleis gefuer wat tëscht der Klengbettener Millen an der haiteger Gare louch. Do huet d'Lokomotiv missen ëmgesat gi fir weiderzefueren, wat vill Zäit an Aarbecht kascht huet. Fir vu Péiteng aus op dat Stompgleis ze kommen huet d'PH-Gleis d'Gleiser vun der WL-Streck Lëtzebuerg-Arel missen iwwerquieren, wat eng komplizéiert Situatioun duergestallt huet déi net ongeféierlech war. Nodeem et verschiddentlech zu Accidenter komm war, gouf den Arrêté royal grand-ducal vum 12. Mee 1871 geännert an deem Sënn datt d'Streck laanscht d'Klengbettener Gare sollt féieren.[1] Fir dat ze realiséiere gouf um Lieu-dit Polvertuerm en Hammelspronk mat enger Bréck gebaut, déi iwwer d'Wëllemsstreck gefouert huet. Een neie Bunndamm huet misse gebaut ginn, a fir datt d'Steigung fir op d'Bréck net ze grouss sollt ginn, goufen d'Gleiser op der Streck Klengbetten-Lëtzebuerg méi déif geluecht.[2] Dat aalt Gleis vun der Péitenger Säit gouf 1877 erausgerappt a Klengbetten war mam Prënz nëmme méi vu Hoen aus z'erreechen. Fir de Marchandise-Verkéier war et e Virdeel, fir de Persouneverkéier awer net onbedéngt: D'Reesend, déi all Dag vu Klengbetten an de Minett schaffe gefuer sinn, hu missen en Ëmwee iwwer Hoen oder Stengefort maachen.

Op dem éischten Deel hat d'Streck Gleisuschlëss un d'Stengeforter Schmelz an un d'Steebréch vun der Famill Collart um Schwaarzenhaff.

Zu Näerden hat d'Atertlinn Uschloss un d'Schmuelspuerstreck Näerden - Maartel, wat dem Kanton Réiden Opschwonk bruecht huet an de Schmelzaarbechter aus dëser Regioun d'Geleeënheet gebueden huet an hiren Heemechtsdierfer wunnen ze bleiwen a mam Zuch op d'Aarbecht an de Minett ze fueren.

Den 23. September 1967 ass de leschte Persounenzuch op dëser Streck gefuer an d'Atert-Linn ass 1969 zum gréissten Deel suppriméiert ginn. Vu Colmer u ware Gleiser wéinst dem Uschloss un d'Good Yearswierker leie gelooss ginn, an 1974 krut d'Trefilerie vu Biissen e Gleisuschloss via déi fréier Streck.

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Eisebunnsstreck Ettelbréck-Biissen.

Vu Klengbetten aus war d'Gleis bis op Stengefort leie gelooss ginn, wéinst dem Wierk vun der Uniroyal.

Erënnerungsplacken op verschidde fréiere Garen erënneren nach un den Dag, op deem d'Streck zougemaach gouf.

Verbindung Kënzeg - Autelbas[3],[4][änneren | Quelltext änneren]

1873 hat de belsche Staat sech bereet erkläert der PH-Gesellschaft d'Konzessioun z'iwwerloosse fir eng Gleisverbindung ze bauen tëscht Kënzeg an Autelbas (Autelbas läit op der Streck Lëtzebuerg - Arel, do wou och d'Streck op Attem ofzweigt).
Vu Kënzeg aus gouf d'Streck op eegenem Gleis ronn 3 Km parallel zu der Atertlinn gefouert fir dann d'Äisch, déi do d'Grenz mécht tëscht Lëtzebuerg an der Belsch, z'iwwerquieren an no weideren 3,4 Km d'Gare vun Autelbas z'erreechen.
Den 3. Juni 1874 gouf d'Streck a Betrib geholl an et si nëmme Marchandise-Zich do gefuer. Awer schonn 1878 sinn, op Ufro vun der nei gegrënnter PH-Gesellschaft, déi 3 Km Parallel-Gleis aus Rentabilitéitsgrënn erëm erausgerappt ginn an et gouf eng Weich an d'Atertgleis agebaut. 1901 huet d'Streck sech net méi rentéiert a se gouf deklasséiert an ewechgerappt.

Uschloss Garnech an Dippech[änneren | Quelltext änneren]

Ongeféier um hallwe Wee tëscht Uewerkäerjeng a Kënzeg, um Plateau bei Féngeg sollt en Uschloss fir eng Eisebunnsstreck Féngeg - Dippech a Féngeg - Garnech entstoen. D'Aarbechte sinn awer am Ufanksstadium stieche bliwwen.

Halten, Garen a Spezielles op der Atertlinn[änneren | Quelltext änneren]

Gare vun Useldeng, d'Säit wou d'Gleiser louchen
D'Atertlinn, gesi vun der Allée Grande-Duchesse-Charlotte zu Colmer-Bierg an Direktioun Biissen
Erënnerungsplack un der fréierer Gare zu Koler

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Eisebunnsstreck Péiteng-Ettelbréck – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Text vum Arrêté: Il sera construit un raccordement direct, tangent aux deux branches courbes du rebroussement, pour permettre aux trains de passage d'éviter l'entrée dans la station de Bettingen, tout en abrégeant le parcours.
  2. Informatiounpanneau nieft der Bréck
  3. Federmeyer Ed, 2007. Eisenbahnen in Luxemburg, Band 1, Säit 418.
  4. Klein Arthur, 1997. Un der Atert..., Bulletin des amis de la ligne de l'Attert, No 1.
  5. De 15. Februar 1876 huet d'Direktion der Reichseisenbahnen déi Meeschter bei de sougenannte Wëllemsstrecke war, de Kontrakt iwwer d'gemeinsam Exploitatioun vun de Gare vu Klengbetten, Esch-Uelzecht, an Dikrech gekënnegt.
  6. Artikel am Echo du Luxembourg N°46 vum 26.02.1876