Athinganen

Vu Wikipedia

D'Athinganen (gr. Ἀθίγγανοι, Athinganoi, déi Onberéierbar), waren eng gnostesch Sekt vum 9. Joerhonnert a Phrygien, deem haitege West-Anatolien. Iwwer si ass wéineg bekannt, den Timotheus vu Konstantinopel huet se al Melchizedekite bezeechent; als Roudag an der Woch hu se wuel de Sabbat kannt; d'Eegenaart fir keen ze beréieren deen en anere Glawen huet a sech och net vu sou engem beréieren ze loosse soll zu hirem Numm gefouert hunn. Iwwerhaabt schénge se eng sëllege Geboter a Verbueter gehat ze hu wat déi kierperlech Propretéit ugeet.

Hir Fortdauer iwwer d'9. Joerhonnert eraus ass net sécher. Et gëtt ugeholl, datt se sech no der Zerstéierung vun Tephrike iwwer Armenien, Klengasien an de Balkan verstreet hunn. D'Wuert atsinganoi, mat deem d'Byzantiner déi zougewandert Zigeiner bezeechent hunn, ass méiglechweis eng korrompéiert Form vun hirem Numm.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Joshua Starr: An Eastern Christian Sect: The Athinganoi. An: Harvard Theological Review XXIX, 2 (1936), S. 93-106
  • Ilse Rochow: Die Häresie der Athinganer im 8. und 9. Jahrhundert und die Frage ihres Fortlebens. An: Helga Köpstein, Friedhelm Winkelmann (Ersg.), Studien zum 8. und 9. Jahrhundert in Byzanz, Berlin 1983 (= Berliner Byzantinistische Arbeiten, 51), S. 163-178
  • Paul Speck: Die vermeintliche Häresie der Athinganoi. An: Jahrbuch der Österreichischen Byzantinistik 47 (1997), S. 37-50