Atlanteschen Ozean

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Gnome-globe.svg Dëse Geographiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Thema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran.
Den Atlantik op der Weltkugel
View from Low Beach, Nantucket MA.jpg

Den Atlanteschen Ozean (kuerz: Atlantik) ass nom Pazifik dat zweetgréisst Weltmier.

Den Atlantik ass duerch d'Deelung vum zesummenhängenden Urkontinent entstanen an trennt Europa an Afrika vun Amerika. Mat sengen Niewemierer (Mëttelmier, Nordséi an Ostséi) huet den Ozean eng Fläch vun ca. 106,2 Mio. km² a bedeckt e Fënneftel vun der Äerduewerfläch. De Mieresbueden ass duerch de Mëttelatlantesche Réck, dee bis zu 3000 m iwwer dem Buedem am déiwe Mier eropgeet, an eng West- an Ostatlantesch Muld getrennt. Déi maximal Déift gëtt mat 9.219 m am Milwaukeedéift, engem Dall vum Puerto-Rico-Gruef (Puerto Rico) erreecht. De Golfstroum, deen aus der Karibik kënnt a queesch iwwert den Atlantik bis no Grönland zitt, ass fir dat relativ mëllt Klima un den nordeuropäesche Küste verantwortlech.

Den Atlantik ass, wéinst dem intensive Schëffverkéier op den Niewemierer an dem Transitverkéier tëschent Europa an Nordamerika, dat Weltmier mam meeschte Verkéier.

Inhaltsverzeechnes

Vu wou den Numm hir kënnt [änneren]

Den Numm geet op déi griichesch Mythologie zréck: Atlantis thalassa (Griichesch: Aτλαντiς θάλασσα; lu.: "Mier vum Atlas"), déi sech déi éischte Kéier beim Herodot fënnt (Hdt. I 202,4),[1] hunn d'Griichen d'Mier déisäit vun de sougenannte Saile vum Herakles, d. h. westlech vun der Strooss vu Gibraltar, genannt.

Waasser [änneren]

Den duerchschnëttleche Salzgehalt vum Atlanteschen Ozean läit bei ca. 3,54%, während en am Pazifik bei 3,45% an am Indeschen Ozean bei 3,48% läit.

Literatur [änneren]

  • Holger Afflerbach: Das entfesselte Meer. Die Geschichte des Atlantik. Malik-Verlag, München 2001, ISBN 3-492-23989-7.

Um Spaweck [änneren]

Commons: Atlanteschen Ozean – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen [änneren]

  1. Herodot: Historien, gr.-dt., übers. v. Josef Feix, 2 Bde., München 2000. ISBN 3-7608-1539-1