Atlas-Bréck
D'Atlas-Bréck, oder och nach Bréck vum Atlas V, ass eng Boubréck iwwer d'Meuse zu Droixhe, e Quartier am Oste vu Léck.
Eng éischt Bréck gouf tëschent 1927 an 1930 gebaut an hat déi Zäit Coronmeuse-Bréck geheescht.
Et war eent vun den eenzege Bauwierker dat zur Internationaler Ausstellung vu Léck am Joer 1930 gehéiert huet a stoe bliwwen ass.
Dës Bréck ass deemools iwwer d'Derivatioun, d'Meuse, an de Kanal vu Maastricht gaangen an hat eng Längt vun 315 Meter.
Kuerz virum Enn vum Zweete Weltkrich gouf dës Bréck zerstéiert, den 11. Mee 1940.
De Bau vun der neier Bréck ass 1947 fäerdeg ginn, a si gouf Bréck vum Atlas V gedeeft als Erënnerung un de Schlepper Atlas V deen 1917 bei Héichwaasser op der Meuse, op der Plaz wou elo d'Bréck steet, fortgefuer ass a mat senger Besatzung déi däitsch Blockad op der Meuse duerchbrach huet an an Holland entwutscht ass.