Atlas (Stär)
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Den Atlas ass e Stär aus de Plejaden am Stärebild Taurus. Den Atlas gehéiert zur Spektralklass B8, an huet eng Hellegkeet vu +3,8 mag. Den Atlas ass ca. 410 Liichtjoer vun eiser Äerd ewech.
Koordinaten (Equinoxe J2000.0)
- Rektaszensioun: 3h49m9s
- Deklinatioun: +24°3'12"
Den Numm huet hie vum Titan Atlas aus der griichescher Mythologie.
Den Atlas kann, wéi all Stären an den Plejaden geleeëntlech vum Äerdmound bedeckt ginn.