Atlas of Peculiar Galaxies

Vu Wikipedia
D'Antennegalaxie (Arp 244)

Am Atlas of Peculiar Galaxies, dee vum Halton Arp an den 1960er Joren zesummegestallt gouf, si Fotoe vun 338 ongewéinleche Galaxien.

Den Arp huet a sengen Aarbechten a Lëschten a bei aneren Astronomen no Galaxië mat ongewéinlecher Struktur gesicht. Wa fir een ausgewielten Objet nach keng gutt Foto do war, dann huet hie mat dem 5 m-Teleskop vum Palomar-Observatoire ënner gudden Observatiounsbedingungen eng Foto am bloe Spektralberäich opgeholl.

Am Atlas si Fotoe vun 338 Objeten, déi duerchnumeréiert goufen, z. B. Arp 220. Den Arp ënnerdeelt säi Katalog mat ongewéinleche Galaxien no reng morphologesche Krittären a follgend Gruppen:

  • Spiralgalaxie mat klenger Flächenhellegkeet (1-6)
  • Spiralgalaxie mat gespléckten Äerm (7-12)
  • Spiralgalaxie mat ofgetrennten Ofschnëtter (13-18)
  • Spiralgalaxie mat dräi Äerm (19-21)
  • Spiralgalaxie mat engem Aarm (22-24)
  • Spiralgalaxie mat engem opfällegem Aarm (25-30)
  • Spiralgalaxie mat der Form vun engem Integralzeechen (31-36)
  • Spiralgalaxie mat engem Begleedeer mat niddreger Flächenhellegkeet op engem Aarm (37-48)
  • Spiralgalaxie mat engem klenge Begleeder mat héijer Flächenhellegkeet op engem Aarm (49-78)
  • Spiralgalaxie mat engem grousse Begleeder mat héijer Flächenhellegkeet op engem Aarm (79-91)
  • Spiralgalaxie mat engem elliptesche Begleeder op engem Aarm (92-101)
  • Elliptesch Galaxie mat Verbindung zu Spiralen (102-108)
  • Elliptesch Galaxie déi Spiraläerm ofstéisst (109-112)
  • Elliptesch Galaxie déi op eng Spiralgalaxie histeiert (113-132)
  • Elliptesch Galaxie mat noe Fragmenter (133-136)
  • Elliptesch Galaxie mat ausstréimender Matière (137-145)
  • Galaxie mat associéierte Réng (153-160)
  • Galaxie mat Jets (149-152)
  • Gestéiert Galaxie mat bannenzeger Absorptioun (153-160)
  • Galaxie mat diffuse Filamenter (161-166)
  • Galaxie mat diffuse Géigenäerm (162-172)
  • Galaxie mat schmuele Géigenäerm (173-178)
  • Galaxie mat schmuele Filamenter (179-193)
  • Galaxie mat vum Kär ausgeschleiderter Matière (194-208)
  • Galaxie mat Onreegelméissegkeeten, Absorptioun an Opléisung (209-214)
  • Galaxie mat ugrenzende Schleefen (215-280)
  • Galaxie mat amorphe Spiraläerm (221-226)
  • Galaxie mat konzentresche Réng (227-231)
  • Galaxie mat Unzeeche fir Opspléckung (233-256)
  • Galaxie mat onreegelméissege Bätz (257-268)
  • Duebelgalaxie mat verbonnenen Äerm (269-274)
  • Interaktiv Duebelgalaxie (275-280)
  • Duebelgalaxie mat Astréimung an Unzéiung (281-286)
  • Galaxie mat Wandeffekter (287-292)
  • Galaxie mat laange Filamenter (294-297)
  • Gruppe vu Galaxien (311-321)
  • Kette vu Galaxien (322-332)

Den Arp-Katalog war Ausgangspunkt vu villen detailléierten Ënnersichunge vun ongewéinlechen an interaktive Galaxien, och wa spezifesche morphologesche Aklasséierungen an e puer Basismodellvirstellunge vum Arp haut dacks manner Bedeitung bäigemooss gëtt.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Arp, H., Atlas of Peculiar Galaxies, Astrophysical Journal Supplement Series 14, 1 (1966) – Zesummefassend Publikatioun
  • Arp, H., Atlas of Peculiar Galaxies, California Institute of Technology, Pasadena (1966) - Eigentlechen Atlas

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Atlas of Peculiar Galaxies – Biller, Videoen oder Audiodateien