Attentat
En Attentat, vum laténgeschen attentatio Versuch, ass en Akt vu Gewalt deen dacks als Zil huet, enger héichgestallter Perséinlechkeet ze schueden oder se ëmzebréngen.
Wat en Attentat vun engem gewéinleche Mord oder probéierte Mord ënnerscheet, ass d'Motivatioun vum Täter. En Attentäter handelt aus enger reliéiser, politescher oder moralescher Iwwerzeegung eraus a mengt mat sengem Handelen ee Mëssstand kënnen ze änneren.
[änneren] Methode fir en Attentat auszeféieren an e bësse Geschicht
Attentater ginn et zënter der Antikitéit. Si goufen deemools mat Schwäerter an Dolchen ausgefouert a waren dacks politesch motivéiert.
Och Attentater mat Gëft goufen et deemools. Déi räich a wichteg Perséinlechkeete vun der Antikitéit hu sech Sklaven als Virkäschter gehalen, well se Angscht haten, hiert Iesse kéint vergëft sinn.
Deemools huet en Attentäter meeschtens säi Liewe riskéiert, well en entweder huet missen no bei säin Affer bäigoe fir et ëmzebréngen oder well et bei engem Mord mat Gëft dacks einfach erauszefanne war, ween de Schëllege war.
Dat huet sech mat der Entdéckung vum Schéisspolver geännert. Attentäter konnten dunn aus enger gewësser Distanz op hiert Affer schéissen.
Während Handfeierwaffen, wéi Pistoulen a Revolveren fir Attentater op kuerz bis mëttelwäit Distanze benotzt kënne sinn, ka mat Gewierer aus gréisseren Distanze geschoss ginn.
Zënter der Entwécklung vu Sprengstoffer, Enn vum 19. Joerhonnert, goufen och domat eng Rei Attentater ausgefouert.
Attentater waren an der Zäit vum Kale Krich heefeg an d'Geheimdéngschter hunn eng Villzuel vu Methoden entwéckelt fir Perséinlechkeeten déi eng aner Ideologie haten, ëmzebréngen.
An de leschte Jore goufen et ëmmer rem Attentater mat Saier, déi seelen déidlech sinn, mä d'Affer entstellen a fir de Rescht vu sengem Liewen zeechnen.
Verschidden Attentater goufe vu Geheimdéngschter ausgefouert, an dann anere Leit oder Gruppen an d'Schong geschott, fir eng Ursaach ze hunn, fir Revancheakte géint déi duerchzeféieren.
[änneren] Beispiller fir Attentater
- D'Attentat vum 15. Mäerz 44 virun Chr.: De Juluis Cäsar gëtt virum réimesche Senat vu Verschwörer ëm de Brutus erstach.
- D'Attentat vu Sarajevo vum 28. Juni 1914: De serbeschen Nationalist Gavrilo Princip erschéisst zu Sarajevo de Franz Ferdinand, de Krounprënz vun Éisträich-Ungarn a léist domat indirekt den Éischte Weltkrich aus.
- D'Attentat vum 20. Juli 1944: De Claus Schenk Graf von Stauffenberg probéiert den Adolf Hitler an sengem Quartéier op der Wolfsschanze an Ostpreisen mat enger Bomm ëmzebréngen.
[änneren] Um Spaweck
| Commons: Attentat – Biller, Videoen oder Audiodateien |