Aube (Floss)
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
| Aube | |
| Längt | 250 km |
| Héicht vun der Quell oder Zesummelaf |
380 m |
| Duerchschnëttsdebit | m³/s |
| Fläch vum Baseng | 3.600 km² |
| Leeft an: | Seine |
| Floss - Hydrologie | |
D'Aube ass e franséische Floss. Se ass ee vun de 4 gréissten Nieweflëss vun der Seine, déi ongeféier an déiselwecht Directioun leeft.
D'Aube entspréngt am Departement Haute-Marne, bei Praslay, op enger Héicht vun 380 m . Se leeft a Richtung Nordweste bis op Montigny/Aube, dann no Norden op Bar-sur-Aube, déi gréisste Stad op hirem Laf. Da leeft se nees nordwestlech, dann nord-nordëstlech, fir hanner Marcilly-sur-Seine an d'Seine ze lafen.
No hir ass d'Departement Aube genannt.
Nieweflëss [änneren]
| Commons: Aube River – Biller, Videoen oder Audiodateien |