Auby-sur-Semois

Vu Wikipedia
Auby-sur-Semois
Land Belsch
Regioun Wallounien
Communautéit Franséisch Communautéit
Provënz Lëtzebuerg
Arrondissement Neufchâteau
Gemeng Bertrix
Koordinaten 49° 48’ 57’’ N
      05° 10’ 52’’ O
Telefonszon 061
Postcode 6880

Auby-sur-Semois op Wallounesch Åbî, ass eng Sektioun vun der belscher Gemeng Bertrix an der Provënz Lëtzebuerg.

Bis zur Belscher Gemengereform vun 1977 war Auby-sur-Semois eng eegestänneg Gemeng.

Zur fréierer Gemeng hu follgend Uertschaften a Lieu-dite gehéiert: Biarde a La Géripont.

D'Uertschaft gëtt 893 fir d'éischt ënner dem Numm Albieg, an Albiegas ernimmt.[1]

Nodeem se am Ufank zu der Grofschaft Chiny gehéiert huet, koum se 1226 an de Besëtz vun der Dame de Florenville. Duerno huet den Evrard II. de La Marck sech do Meeschter gemaach, an um Enn vum 15. Joerhonnert koum se grad wéi Cugnon a Mortehan an d'Vogtei vu Chassepierre, an huet domat de Prënze vu Löwenstein-Stolberg gehéiert. Den 30. Juli 1899 huet se sech vun der Gemeng Cugnon lassgesot, a gouf eegestänneg.


Uertschaften an der Gemeng Bertrix

Sektiounen: Auby-sur-SemoisBertrixCugnonJehonvilleOrgeo
Aner Uertschaften: Acremont · Assenois · Biourge · Blanchoreille · Glaumont · La Géripont · La Girgaine · Mortehan · Nevraumont · Rossart · Sart

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Dictionnaire des noms de lieux en Wallonie et à Bruxelles