Auderghem - Oudergem
|
|
|||||
|---|---|---|---|---|---|
![]() |
|||||
| Land | |||||
| Regioun | |||||
| Communautéit | Franséisch Communautéit Flämesch Communautéit |
||||
| Provënz | keng | ||||
| Arrondissement | Bréissel | ||||
| Telefonszon | 02 | ||||
| Postcode | 1160 | ||||
| Koordinaten | 50° 49' 00" N 04° 25' 00" O |
||||
| Fläch | 903 ha | ||||
| Bevëlkerung | 30.811 (1. Januar2008) | ||||
|
Lag vun der Gemeng (rout) an der Haaptstadregioun (hellgro) |
|||||
Auderghem op franséisch, Oudergem op hollännesch, ass eng vun den 19 Gemenge vun der Haaptstadregioun Bréissel. An der Gemeng liewen 29.265 Awunner (1. Januar 2005) op 10,5 km².
Auderghem läit am Südoste vu Bréissel a grenzt un d'Bréisseler Gemenge Watermael-Boitsfort, Ixelles, Etterbeek a Woluwe-Saint-Pierre an un d'flämesch Gemenge Tervuren an Overijse. En Deel vun der Forêt de Soignes (nl.:Zoniënwoud), dem grousse Bëschgebitt am Südoste vu Bréissel, läit an der Gemeng.
Historesch huet sech Auderghem laanscht d'Strooss vu Bréissel op Namouer entwéckelt, mam Duerfkär ronderëm d'Kapell Sainte-Anne. Fréier Abteien, d'Rout Klouschter (Rouge-Cloître - Rood Klooster)[1] an d'Probstei vu Val Duchesse (Hertoginnendal) leien do. 1863 huet Gemeng sech vu Watermael-Boitsfort lassgesot a gouf eng eegestänneg Gemeng. Bis um Ufank vum 20. Joerhonnert war Auderghem eng ländlech Gemeng, déi virun allem vun Aktivitéite ronderëm de Bësch a vu Wäschereie gelieft huet.
Val Duchesse gehéiert der Donation royale, déi et dem belsche Staat verlount, a gëtt fir Regierungskonklaven oder -empfänk benotzt. An den 1950er Joren ass do eng diplomatesch Aarbechtsgrupp zesummekomm, déi déi Réimesch Traitéen ausgeschafft huet.
[änneren] Um Spaweck
[änneren] Referenzen
- ↑ "Rouge cloître" ass héchstwaarscheinlech eng falsch franséisch Iwwersetzung: Et ass unzehuelen, datt rood éischter op eng Plaz am Bësch, wou d'Beem ewech gemaach goufen, zeréckgeet.
Franséisch Nimm: Anderlecht | Auderghem | Berchem-Sainte-Agathe | Bruxelles | Etterbeek | Evere | Forest | Ganshoren | Ixelles | Jette | Koekelberg | Molenbeek-Saint-Jean | Saint Gilles | Saint-Josse-ten-Noode | Schaerbeek | Uccle | Watermael-Boitsfort | Woluwe-Saint-Lambert | Woluwe-Saint-Pierre
Flämesch Nimm: Anderlecht | Brussel | Elsene | Etterbeek | Evere | Ganshoren | Jette | Koekelberg | Oudergem | Schaarbeek | Sint-Agatha-Berchem | Sint-Gillis | Sint-Jans-Molenbeek | Sint-Joost-ten-Node | Sint-Lambrechts-Woluwe | Sint-Pieters-Woluwe | Ukkel | Vorst | Watermaal-Bosvoorde |
| Commons: Auderghem – Biller, Videoen oder Audiodateien |
