August (Virnumm)

Vu Wikipedia
August
Den Augustus, éischte réimesche Keeser
Geschlecht männleche Virnumm
Namensdag 27. Mäerz, 3. August
Ursprong
Genannt no Augustus
Varianten
Alternativen Auguste - Augustin
Spëtznumm Gust, Guscht, Gusti, Esti
Anert Geschlecht Augusta

August ass e männleche Virnumm.

Varianten an Ofkierzungen[änneren | Quelltext änneren]

Am Lëtzebuergesche gëtt August dacks mat Gust, Guscht (am Minett), Gusti oder (vereelzt) Esti[1] ofgekierzt.

D'Variant Auguste ass am franséischsproochege Raum a ronderëm, e männleche Virnumm iwwerdeems et am däitschsproochege Raum e weibleche Virnumm ass. Aner weiblech Forme vun August sinn Augusta an – am Lëtzebuergeschen éischter déi franséisch Form – Augustine.

Ursprong a Bedeitung vum Numm[änneren | Quelltext änneren]

D'Originne vum Numm fënnt een am Laténgeschen: Augustus - „deen der Éier wäert ass“.

Den Numm vum Mount August kënnt vum réimesche Keeser Augustus hier.

Leit mam Virnumm August(e)[änneren | Quelltext änneren]

August[änneren | Quelltext änneren]

Auguste[änneren | Quelltext änneren]

Fir eng Lëscht vu Persoune mat deem Virnumm op dëser Wiki, kuckt wgl. dës Lëscht.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: August – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Actioun Lëtzebuergesch - Eis Sprooch - Virnimm. www.actioun-letzebuergesch.lu. Gekuckt de(n) 05.10.2023.