Auguste Metz

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

Den Auguste Metz, gebuer den 8. August 1812 an der Stad Lëtzebuerg, a gestuerwen den 22. Juni 1854 zu Eech, war de jéngste vun den 3 Metz-Bridder: Charles, Norbert an Auguste.

Den Auguste Metz war, wéi säi Brudder Charles, Docteur en Droit a Member vun der Chamber. Hie gëtt als de wierkleche Grënner vun der moderner Lëtzebuerger Siderurgie ugekuckt. Bescheiden huet hien 1837 mat senge Bridder ugefaang, wéi en d'Gebaier vun der Bäerbuerger Schmelz gelount huet. Nëmme 15 Jor méi spéit ware vun den 11 Héichiewen am Land 7 zu Bäerbuerg a Betrib. Hien ass leider ze fréi gestuerwen (1854) a konnt selwer säi Wierk net op en Enn féieren.

Den Auguste Metz war mat der Petronella Laeis bestuet.

Literatur [änneren]

  • Mersch, J., 1963. Les Metz, la dynastie du fer. Biographie Nationale du Pays de Luxembourg, fasc. 12, S. 311-605 (Jean-Antoine-Auguste Metz, le maître de forges, tenace comme son fer, S. 549-570). [1]
  • Neyen, A., 1876. Biographie Luxembourgeoise. Histoire des hommes distingués originaires de ce pays considéré à l'époque de sa plus grande étendue ou qui se sont rendus remarquables pendant le séjour qu'ils y ont fait. Tome 3. J. Joris, Luxembourg, 490+XXXI+XII S. (Jean-Antoine-Auguste Metz, S. 304-307).
  • Weber, P., 1950. Histoire de l'économie luxembourgeoise. Imprimerie Victor Buck, Luxembourg, 431 S.

Kuckt och [änneren]