Auguste Thorn

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

Den Auguste Thorn, gebuer den 29. November 1873 zu Réimech, a gestuerwen de 24. September 1948 an der Stad Lëtzebuerg, war e lëtzebuergesche Jurist a Politiker.

1903 huet hie mat aneren de Luxemburger katholischer Volksverein gegrënnt, aus dem 1921 de Lëtzebuerger Chrëschtleche Gewerkschaftsbond ervirgaangen ass.[1]

1917, wéi hie Bâtonnier zu Lëtzebuerg war, gouf hien an d'Chamber gewielt, wou hie bis 1937 als Deputéierte bliwwen ass.

Als treien Unhänger vun der Monarchie huet hie vill dozou bäigedro, datt nom Éischte Weltkrich déi republikanesch Pläng gescheitert sinn. Et war hien, deen den 13. November 1918 an der Chamber virgeschlo huet e Referendum iwwer déi nei Staatsform z'organiséieren.[2]

Gielercher [änneren]

Referenzen [änneren]