Auguste van Werveke

Vu Wikipedia
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Architekt a Moler Auguste-Léopold van Werveke (1866-1927). Fir de Journalist Auguste ("Gust") van Werveke (1896-1976), kuckt wgl. Gust van Werveke.
Auguste van Werveke
Gebuer 2. August 1866
Lëtzebuerg
Gestuerwen 30. Januar 1927
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Architekt, Moler
Famill
Geschwëster Leopold van Werveke, Nicolas van Werveke
Kanner Gust van Werveke

Den Auguste-Léopold van Werveke[1], gebuer den 2. August 1866 am Gronn a gestuerwen den 30. Januar 1927 an der Stad Lëtzebuerg, war e lëtzebuergeschen Architekt, Zeecheprofesser a Moler.

Hie war 1893 Grënnungsmember vum Cercle Artistique de Luxembourg a krut 1907, zesumme mam Jean Curot, de Prix Grand-Duc Adolphe.

Hie war de Papp vum Gust van Werveke an de Brudder vum Geolog Leopold van Werveke an dem Historiker Nicolas van Werveke.

Säi Liewen[änneren | Quelltext änneren]

Den Auguste van Werveke huet am Stater Kolléisch geléiert. Duerno goung hien op d'Kunstakademie Düsseldorf an 1893 op d'École française zu Roum. Dat selwecht Joer gouf hie Chargé de cours an der Handwierkerschoul an der Stad an 1901 am Kolléisch, wou hien de Michel Engels ersat huet.

1902 huet hie seng Maîtrise de dessin gemaacht a krut dunn eng Nominatioun als Zeecheprofesser am Gymnase an der Stad. 1919 gouf hien Zeecheprofesser an der Stater Handwierkerschoul.

Säi Wierk[änneren | Quelltext änneren]

Säin architektonescht Wierk (Auswiel)[änneren | Quelltext änneren]

  • D'Aarbechterkolonie zu Stengefort
  • D'Primärschoul zu Gréiwemaacher
  • 1925 hat hien de Plang gemaach vum Austellungspavillon vun de lëtzebuergesche Rousenziichter op der Exposition Internationale des Arts Décoratifs zu Paräis.

Säi kënschtlerescht Wierk[änneren | Quelltext änneren]

Den Auguste van Werveke huet eng Rëtsch Wierker gemaacht, déi niewent dem kënschtlereschen och nach e groussen dokumentaresche Wäert hunn. Hien huet Aquarellen, Pastellen a Fiederzeechnunge vun de pittoresken Ecker aus dem Land an der Stad gemaacht.

Galerie[änneren | Quelltext änneren]

Fondatioun[änneren | Quelltext änneren]

2002 huet dem Auguste van Werveke seng Duechter Anita testamentaresch eng Fondatioun grënne gelooss, d'Fondation Auguste van Werveke-Hanno, déi Bourssen un Architektur- oder Konschtstudente vergëtt.[2]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Anonym, 1998. Gedenktage: Auguste van Werveke, 30. Januar. Lëtzebuerger Journal 1998, 30. Januar, S. 15.
  • Regard sur deux siècles de création et d'éducation artistiques au Luxembourg, réalisé par l'Association des professeurs d'éducation artistique de l'enseignement secondaire et supérieur, S. 98-99, Imprimerie Saint-Paul, 1987, ISBN 2-87963-000-2
  • Lang, C., 1967. Le personnel de l'enseignement secondaire et supérieur du Grand-Duché de Luxembourg, 1839-1922. Travail statistique de Félix Heuertz (1922), complété par Charles Lang (1967). Publications du Ministère de l'Éducation nationale, Luxembourg, S. 1-125 (van Werveke Auguste, S. 117).
  • Gilbert, P., 1986. La capitale et ses architectes: illustration critique de l'architecture dans la métamorphose d'une ville en un siècle. Institut grand-ducal, section des arts et des lettres, 222 S. Imprimerie Saint-Paul. BNL LB 1061, S. 161
  • Philippart, R., 2007. Luxembourg. Historicisme et identité visuelle d'une capitale. 207 S. éditions saint-paul. ISBN 978-2-87963-694-8, S. 119

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Auguste van Werveke – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Geleeëntlech fënnt een och d'Schreifweis Werweke.
  2. "Mélanie Planchard kritt Bourse Auguste van Werveke-Hanno." RTL.lu - 14.02.2013, 08:47 | Fir d'lescht aktualiséiert: 14.02.2013, 08:53.