Baussewierk

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Aussewierk)
Baussenzeg vun der Haaptmauer (4) an dem Glacis (3) leie Lunetten (1) a Redoutten (2)

Baussewierker si Befestegungsanlagen déi tëscht dem Rempart, a senge Befestegungen, an dem Glacis leien. Si sinn duerch iwwerierdesch Passagen oder ënnerierdesch Galerië mat de Rempart-Befestegunge verbonnen.

Baussewierker déi lokal zesummenhänken a kee gréisseren Ofstand vuneneen hunn, nennt een Enveloppe. Zanter dem 16. Joerhonnert sinn déi verschidden Typpen entwéckelt ginn, zanter dem 17. Joerhonnert zielen dës Wierker zum feste Bestanddeel vu grousse bastionéierte Festungen.

Virun dëser Linn kënnen och nach detachéiert Wierker leien, déi bis zu engem Kilometer vum Rempart ewech kënne sinn, a meeschtens wärend enger Belagerung nëmmen ënnerierdesch erreecht kënne ginn.

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Detachéiert Wierker.

Zil vun dëse Befestegungsanlagen ass et, déi géigneresch Artillerie méiglechst wäit vum Rempart ewech ze halen an et der géignerescher Infanterie méiglechst schwéier ze maachen duerch d'Verdeedegungslinnen ze kommen, an hinnen dobäi méiglechst vill Verloschter bäizebréngen.

Verschidde Baussewierker[änneren | Quelltext änneren]