Australia Telescope Compact Array

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Ee vun den ATCA-Radioteleskope.

Den Australia Telescope Compact Array (ATCA) ass e Radiointerferometer fir astronomesch Observatioune mat Standplaz no bei Narrabri, Australien.

Den ATCA besteet aus sechs Radioteleskope mat jee 22 m Antennenduerchmiesser, déi op verschiddene Statioune mat bis zu maximal 6 km Distanz an ost-westlecher Richtung opgestallt kënne ginn. Seng Standplaz, de Paul-Wild-Observatoire, läit ronn 30 km westlech vun Narrabri an ongeféier 500 km nordwestlech vu Sydney an enger Héicht vun 234 m. Den ATCA besëtzt Emfänger fir Radiowellelängte tëschent 20 cm an 3 mm. Zesumme mat dem grousse Radioteleskop vum Parkes-Observatoire an engem weidere Radioteleskop zu Mopra gëtt den ATCA och fir Very Long Baseline Interferometry gebraucht.

Den ATCA ass am Moment dat leeschtungsbescht Radiointerferometer op der südlecher Äerdhallefkugel. Zesumme mat aneren australesche Radioteleskope ass den ATCA Deel vun der Australia Telescope National Facility (ATNF) a gëtt vun der australescher Wëssenschaftsorganisatioun CSIRO bedriwwen.

Um Spaweck [änneren]

Saturn 01.svg Portal Astronomie