Auto Moto

Vu Wikipedia

Auto Moto ass eng lëtzebuergesch Zäitschrëft, déi zanter Oktober 1990 als Bäilag zur Dageszeitung Luxemburger Wort eemol am Mount verdeelt gëtt. Se gëtt an der Imprimerie Saint-Paul gedréckt.

Den Inhalt beschäftegt sech an däitscher Sprooch haaptsächlech mat Beschreiwungen an Tester vun neien Auto- a Motosmodeller. Eng reegelméisseg Rubrik beschäftegt sech mat Oldtimer. Eng aktuell Präislëscht vun deene wichtegste Modeller vun alle Marken ass och an all Ausgab dran.

De 27. Abrëll 2016 koum fir déi 200. Ausgab vun Auto Moto eng speziell Beilag am Luxemburger Wort.

Der TNS-ILRES Plurimedia Etude 2017.I no gouf tëscht Februar 2016 a Februar 2017 (mat Ausnam vun der Summervakanz) an der Moyenne all Editioun vum Auto Moto vun 61.000 Leit iwwer 15 Joer gelies (12.7 % vun der Wunnbevëlkerung).[1]

Wiessel vum Design a Layout vun der Zäitschrëft[änneren | Quelltext änneren]

  • 1990 - Enn 2000
  • Januar 2001 - Ufank 2009
  • Februar 2009 - Oktober 2013
  • November 2013 - haut. Mat der Nummer 182 huet d'Zäitschrëft am November 2013 zousätzlech zum neien Design nei Rubricken iwwer Reesen a Lifestyle opgeholl.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Auto Moto op der Säit vun Tout Luxembourg

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Pressecommuniqué vun TNS ILRES op paperjam.lu.