Autobunn A3 (Lëtzebuerg)
| A3 - Diddelenger Autobunn |
||
| Zeechen | N° | Verdeeler |
| Lëtzebuerg | ||
| 1 | Hesper/Houwald | |
| A1 / A6 Gaasperecher Kräiz | ||
| Aire de Berchem | ||
| 2 | Léiweng/Beetebuerg | |
| A13 Beetebuerger Kräiz | ||
| 3 | Diddeleng (nëmmen aus an a Richtung Lëtzebuerg Stad) |
|
| Uschloss un d'franséisch A31 | ||
D'Autobunn A3, och Diddelenger Autobunn genannt, ass eng lëtzebuergesch Autobunn am Kanton Lëtzebuerg an am Kanton Esch-Uelzecht. Se geet vum Rond-point Houwald an der Stad Lëtzebuerg no Süde bis bei d'franséisch Grenz, wou se um Territoire vun der Gemeng Zoufftgen un d'franséisch A31 ugeschloss ass.
Se ass eng wichteg Verbindung tëscht dem Autobunnsnetz vum Benelux an deem vu Westdäitschland op der enger Säit, deem aus Frankräich op der anerer.
Et ginn 3 Autobunnsausfaarten/Opfaarten, 2 Autobunnskräizer an eng Plaz fir ze raschten.
Um Gaasperecher Kräiz kräizt d'A3 sech mat der A1/A6. Dono kënnt geschwënn d'Aire de Berchem, déi gréisste Bensinnsstatioun vun Europa. E bësse méi südlech kräizt d'A3 um Beetebuerger Kräiz d'A13, déi no Osten hin Saarautobunn genannt gëtt, no Westen hin Collectrice du Sud.
D'Autobunn gouf tëscht 1978 an 1981 a Betrib geholl.
D'A3 ass Deel vun der E25, mat Ausnam vun deem Stéck vum Gasperecher Kräiz bis un de Rond-point Houwald.
Se huet eng Längt vu 13,3 km.
Um Spaweck [änneren]
| Commons: A3 (Luxembourg) – Biller, Videoen oder Audiodateien |
| Autobunnen zu Lëtzebuerg | ||