Autobunn A7 (Lëtzebuerg)
| A7 - Nordstrooss |
||
| Zeechen | N° | Verdeeler |
| Autobunn A1 - Sennengerbierg | ||
| 1 | N11 - Waldhaff | |
| Tunnel Stafelter (nach net a Betrib) | ||
| Tunnel Grouft (nach net a Betrib) | ||
| 2 | N7 - Luerenzweiler | |
| Tunnel Gousselerbierg | ||
| 3 | Schëndels | |
| Tunnel Miersch | ||
| 4 | N8 - Miersch | |
| 5 | N7 - Mierscherbierg | |
| 6 | N7 - Kolmer-Bierg | |
| 7 | N7 - Schieren | |
| . | geet iwwer an d' Schnellstrooss B7 | |
D'Autobunn A7 oder A7, och Nordstrooss genannt, ass eng lëtzebuergesch Autobunn an de Kantonen Lëtzebuerg, Miersch an Dikrech, déi zur Zäit (2012) nach am Bau ass an eréischt deelweis ka benotzt gin.
Se soll spéider am Ganzen 31,5 km laang sinn, wouvunner 2012 ongeféier 16,7 km realiséiert sinn.
Se geet vum Uschloss Gréngewald mat der A1 a Richtung Norden. D'Stéck tëscht dem Uschloss mat der A1 an dem Waldhaff (E 29), dat ca. 1,3 km laang ass, gouf 2002 dem Verkéier fräiginn.
En zweet Stéck vun enger Längt vun ca. 15,4 km tëscht Luerenzweiler (Sortie 2) a Schieren (Sortie 7) ass och schonns op. Bei Schieren geet d'A7 an d'B7 iwwer, déi hirersäits erëm um Fridhaff Uschloss un d'N7 huet, an da weider bis op d'Wämperhaart virugeet.
D'Autobunn ass viraussiichtlech 2014 fäerdeg, wann déi lescht Aarbechten um Tunnel Stafelter ofgeschloss sinn.
Inhaltsverzeechnes |
Geschicht [änneren]
Pläng, eng Autobunn vun der Stad Lëtzebuerg an den Norde vum Land ze bauen, gëtt et schonns zënter den 1980er Joeren, mä jorelaang gouf diskutéiert, op den Uschloss un déi aner Autobunnen am Osten oder am Weste vun der Stad, deemno un d'A1 beim Kierchbierg oder un d'A6 tëscht Stroossen a Kapellen sollt geschéien. De 17. Juli 1997 huet d'Chamber den Tracé tëscht Miersch a Sennengerbierg, deemno d'"Ostvariant", definitiv guttgeheescht.[1]
Tunnellen [änneren]
Den Tracé vun der A7 geet duerch déi längste Stroossentunnelle vu Lëtzebuerg:
- den Tunnel Stafelter (Längt: 1.850 m; den 18. Februar 2009 hunn d'Aarbechten ugefaangen; viraussiichtlech Enn: 2012).
- den Tunnel Grouft (Längt: 2.950 m; sollt 2009 fäerdeg sinn.)
- den Tunnel Gousselerbierg (Längt: 2.695 m; zënter 24. Januar 2008 fir de Verkéier op)
- den Tunnel Miersch (Längt: 530 m; schonns op.)
Käschten [änneren]
D'Käschte fir de Bau belafe sech op ronn 654 Milliounen Euro (Stand Januar 2011) [2][3]
Um Spaweck [änneren]
| Commons: A7 (Luxembourg) – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Administration des Ponts et Chausses, Luxembourg
- Dany Thielen: "Nordstrooss - Déi wichtegst Fakten op een Bléck." op RTL.lu, 13. Januar 2011.
Referenzen [änneren]
- ↑ "Der letzte Tunnel der Nordstraße wird geboren." Tageblatt, 22.4.2010.
- ↑ Déi geplangte 560 Milliounen, vun deenen der 229 schonn emol hu missen nogeschoss ginn, géingen net duer, sot de Bauteminister uganks Februar 2010, an et missten nach eng Kéier 30 Milliounen derbäikommen. Quell: "Wiseler: Nordstrooss gëtt 2014 fäerdeg a kascht 30 Mio.€ méi." rtl.lu 01.02.2010, 18:11 - Fir d'lescht aktualiséiert: 01.02.2010, 18:15.
- ↑ Den 21. Dezember 2011 huet d'Chamber zougestëmmt, nach emol 58 Milliounen Euro dropzeleeën. Dës lescht Zomm gesäit e Sputt vun 11 Millioune vir, falls weider net virgesinne Käschten géifen op de Staat zoukommen. Quell: Dany Thielen: "Nordstrooss - Déi wichtegst Fakten op een Bléck." RTL.lu - 13.01.2012, 11:11 | Fir d'lescht aktualiséiert: 13.01.2012, 14:46.
| Autobunnen zu Lëtzebuerg | ||