Autofestival

Vu Wikipedia

Den Autofestival ass zanter 1965[1] en alljärlecht Evenement dat vun de Lëtzebuerger Garagisten organiséiert gëtt. Well et, am Géigesaz zu eise Nopeschlänner, keen Autosalon zu Lëtzebuerg gëtt, ass den Autofestival eng Aart Ersatz deen dem interesséierte Public d'Méiglechkeet gëtt sech nei Developpementer an Autosmodeller unzekucken.[2]

Organisatioun[änneren | Quelltext änneren]

All Joer, Enn Januar uganks Februar, organiséiert d'ADAL zesumme mat der Fegarlux den Autosfestival. Et ass eng Zäitperiod déi zwéi Weekenter abegräift, an där d'Garagë fir speziell Zäiten op hunn, eventuell och sonndes. Dozou kënnt, datt d'Garagen aner Konditiounen ubidden déi nëmmen an deem Zäitraum gëllen. Des Weidere kann et virkommen, datt d'Banke fir déi Zäit Personal bei d'Garagë schécken, fir d'Leit op der Plaz iwwer eventuell Prêten déi bei d'Autoe passen, ze beroden. D'Assurancë benotzen déi Plattform fir d'Leit iwwer hir Produkter z'informéieren.[3] Vill Leit profitéieren da fir sech an deem Zäitraum nei Autoen unzekucken, wat dozou féiert datt grad wärend de Weekenter d'Garagen extreem gefëllt sinn.

Wirtschaftlechen Impakt[änneren | Quelltext änneren]

Wéinst der staarker Thematiséierung an der Lëtzebuerger Press an an der Gesellschaft am Allgemengen, maachen d'Garagisten ee wichtegen Deel vun hirem Ëmsaz an der Period vum Autofestival. Ronn een Drëttel vun de Verträg vun engem Joer ginn an deem Zäitraum, respektiv kuerz duerno oofgeschloss[4]. De Begrëff ass och an der Groussregioun bekannt, sou datt och d'Leit aus dem Ausland fir den Evenement op Lëtzebuerg kommen.

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Auto Moto Nr.212, 1. Januar 2018, S.20
  2. Den Autofestival op der Websäit vun rtl.lu
  3. Pressecommuniqué fir de Bilan vum Autofestival 2017 Archivéiert op 2017-12-26. Gekuckt de(n) 2018-01-29.
  4. http://www.rtl.lu/auto/1120227.html