Automotrice AM 80 SNCB / CFL

Vu Wikipedia
AM 80 SNCB / CFL
Technesch
Daten:
Original
Versioun
Moderniséiert
Versioun
Nummeréierung: 301-440
Stéckzuel: 140
Zesummesetzung: ABDx + Bx ABDx + B + Bx
Constructeur: BN an ACEC
Mëttelstéck: Bombardier
Baujoren: 1980-1983 1991-1993
Ausmusterung: nach a Betrib
Achsformel: Bo'Bo' + 2'2' Bo'Bo' + 2'2' + 2'2'
Déngschtmass: 102 Tonnen 152 Tonnen
Sëtzplazen: 171
(32 A + 139 B)
254
(32 A + 83 B + 139)
Gewiicht: 102 Tonnen 152 Tonnen
Kraaft: 1240 kW 1400 kW
Maximal Vitess: 160 km/h
Elektresch Spannung: 3 kV DC
Längt i.P: - 75810 mm
Elementer:
(Längt a Meter)
25,425 + 24,96 + 25,425
Duerchmiesser vun de Rieder: Undriff 1010 mm
Aner 950 mm
Constructeur Kappelementer: CFM NN
Constructeur Mëttelelement: Bombardier
Bremsen: Automatesch elektropneumatesch
mat Recuperatiounsbrems
Krop: Automatesch GF Kupplung
Constructeur
vun den Traktiounsdeeler:
ACEC Charleroi
Motoren: 4 x AE 231S
+ elektresch Thyristersteierung
Dauerleeschtung: 310 kW
Pantograph: 1 Faiveley (Element AB)

D'Automotricen AM 80, déi och nach breaks genannt ginn, goufen 1980 vun der belscher Eisebunnsgesellschaft SNCB bestallt. Der SNCB ass et dee Moment haaptsächlech drëm gaange fir méi séier Motricen ze kréien déi Verbindungen op méi groussen Distanzen assuréiere konnten. D'Vitess vun 160 km/h konnt deemools nëmme vun Zich erreecht ginn déi vu Lokomotive gezu goufen.

Et goufen 140 Unitéite bestallt déi vun der SNCB vun 301 bis 440 duerchnumeréiert goufen. Zwou Automotricen aus dësem Lous hunn der CFL gehéiert, an zwar d'Automotricë mat den Nummeren 325 an 326. Bei der CFL si s'ënner dem Numm CFL 300 gefuer.

Am Ufank waren dës Automotricë bordeaux-rout ugestrach, a si waren den Emblème vun den InterCity- an den InterRegiolinnen an der Belsch zanter 1984. Zanter 1995 si s'all gro ugestrach mat enger dräieckeger gieler Nues a mat enger rout-a-bloer Sträif laanscht d'Säit.

Si hunn am Ufank nëmmen aus zwee Elementer bestane mat am Ganzen 171 Sëtzplazen. Den automateschen Ukopplungssystem huet et awer net erlaabt fir einfach Remorquë bäizekrämpen, soudatt all Kéier, wann d'Capacitéit ze kleng war, eng ganz Automotrice huet missen ugehaange ginn. Fir dëser net ganz glécklecher Situtioun aus de Féiss ze kommen, goufen dunn tëscht 1992 an 1995 d'Automotricen ëmgebaut an et koum eng Voiture tëscht d'Kappelementer dobäi, soudatt d'Capacitéit vun enger Rame op 254 Plazen eropgoung.

Si lafen op alle Belschen InterRegiolinnen a sinn op der Linn InterCity J (Bréissel-Namur-Lëtzebuerg) bis am Mee 2000 gelaf. Duerno goufe se vun den AM 96 ersat.

Zanter der Ouverture vun der Gare vum Fluchhafe Bruxelles-National am Juni 1998 lafen op där Linn haaptsächlech AM 80. Fir dëst besser ze markéieren, kruten d'Automotricë 401 a 405, déi haaptsächlech op där Streck fueren, eng blo-rout Opschrëft Brussels Airport Express.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]