Automotrice AM 96 SNCB
| AM 96 SNCB | ||
|---|---|---|
| Technesch Daten: |
AM 96 bi | AM 96 mono |
| Nummeréierung: | 441-490 | 501-570 |
| Stéckzuel: | 50 | 70 |
| Zesummesetzung : | Bx + B + ADx | |
| Constructeur: | Alstom, BN an ACEC | |
| Baujoren: | 1996 | 1997 |
| Ausmusterung: | nach a Betrieb | |
| Achsformel: | Bo'Bo' + 2'2' + 2'2' | |
| Déngschtmass: | 175 Tonnen | 169 Tonnen |
| Sëtzplazen : | 212 (45 A + 88 B + 79 B) | |
| Kraaft : | 1400 kW | |
| Maximal Vitesse: | 160 km/h | |
| Elektresch Spannung : | 25kV 50Hz ~ 3 kV = |
3kV = |
| Längt i.P : | 79200 mm | |
| Längt vun den Elementer : | 18,700 mm + 18,400 mm + 18,700 mm | |
| Duerchmiesser vun de Rieder : | Undrif 1010 mm Aner 950 mm |
|
D'Automotricë vun der Serie AM 96 sinn déi neist Generation vun elektresche Motricë fir den InterCity an den InterRegio- Trafic an der Belsch.
Si bestinn aus 3 Deeler a kënne bis zu 160 km/h séier fueren.
Gebaut goufe se tëscht 1996 an 1997 an orientéiere sech vu bannen a vu baussen un den I11'er Voituren.
Wéinst de grousse Gummiverkleedungen op deenen zwee Enner, gi se am Volleksmond "Gummi-Nuesen" genannt.
Wa se an eng Ramm (Unité Multiple) intégréiert sinn, gëtt de Poste de Commande säitlech agedréckt fir en Duerchgang tëscht de Motricen z'erméiglechen. D'Gummiverkleedungen op de Käpp erméiglechen e méi séiert Ukrämpen, well keng Soufflete brauche fixéiert ze ginn.
Varianten [änneren]
- 441-490: Automotricë fir 3kV Gläichstroum a 25kV Wiesselstroum.
- 501-570: Automotricë fir nëmmen 3kV Gläichstroum (501-524 hunn Memor II+ an sinn op der CFL-Linn 50 zougelooss.)
Strecken [änneren]
- Antwerpen–Kortrijk–Lille
- Oostende–Kortrijk–Lille
- Oostende–Gent–Antwerpen
- Tongeren–Hasselt–Bréissel–Knokke / Blankenberge
- Genk / Léck-Guillemins–Bréissel–Knokke / Blankenberge
- Bréissel–Namur–Lëtzebuerg
- Gent–Bréissel/Zaventem(Fluchhafen)
- Liers-Léck-Gouvy (P-Zich)
- Herstal-Léck-Namur-Charleroi-Mons-Lille
| Commons: SNCB Class AM96 – Biller, Videoen oder Audiodateien |
CFL: CFL 150/160 - CFL 1030 - CFL 1600 - CFL 1800 - CFL 2000 - CFL 2100 - CFL 2200 - CFL 3000 - CFL 4000 - CFL-Dosto - CFL Corail - CFL Wegmann - CFL 3600
SNCB: AR 41 - AM 80 - AM 96 - Serie 13 - Serie 15 - Serie 16 - Serie 18 (Siemens) - Serie 20 - Serie 21
Serie 23 - Serie 27 - Voiture M6 - Voiture I6 - Voiture I10 - Voiture I11
SNCF: TGV - BB 15000 - BB 26000 - SNCF Corail
DB: Serie 181
Kuckt och: Gare · Rangéiergare · Automotrice · InterRegio m · InterCity J