Autorail AMG 800

Vu Wikipedia
En Autorail AMG 800

Den Autorail AMG 800 ass en Autorail dee vun CFD Bagnères fir déi korsesch Eisebunnsstrecken gebaut gëtt.

Et ass en Autorail deen aus zwéin Deeler besteet, deenen hir Carosserie op 4 Bogië läit, wouvun d'Bogien op den zwéi Käpp vum Zuch all Kéier op zwou Achsen ugedriwwe sinn. D'Energie fir den Undriff gëtt vun zwéin Dieselmotore vun Deutz geliwwert. Et si Motore vum Typ V8 BF8M 1015 déi 440 kW staark sinn. D'Kraaft gëtt op d'Bogië mat enger dräigängeger hydraulescher Boîte Voith T 212 mat engem Torque-Converter an zwou hydrodynamesche Kupplungen iwwerdroen. De Killradiateur ass um Daach vun de Voituren iwwer dem niddregen Entréescompartiment. D'Motore selwer sinn ënner dem iwwerhéichte Panoramacompartiment ënnerbruecht.

Den AMG 800 huet eng komfortabel pendulair pneumatesch Ophänkung, déi där op de Bogië vun den CFD X2000 an CFD X5000 gläicht.

Den Autorail ass 40 m laang a kann 103 Passagéier transportéieren. Et kënne bis zu dräi Autorailen hannerenee gekrämpt ginn.

De Passagéieraum ass mat grousse Fënsteren ekipéiert a mat engem klenge Salonseck. D'Accèsen, déi op all Kapp an dem niddregen Deel vun de Voiture sinn, si mat groussen Dieren ekipéiert an en ass sou ageriicht datt Rollstullfuerer gutt eran- an erauskommen. Et gëtt och eng Toilette u Bord déi fir Rollstullfuerer ageriicht ass. Säi Confort huet zum Num AMG bäigedroen, deen d'Okierzung vun Autorail Métrique Grand-confort ass. Fir dee Confort goufen d'Sëtzer vu COMPIN entwéckelt a si mat Tabletten ekipéiert. 220 Volt Uschlëss erlaben et z. B. fir op laangen Trajete Laptopen ze benotzen, ouni un d'Batterie vum Geschier ugewisen ze sinn. Iwwer Liichtbande kënnen d'Passagéier Informatioune kréien.

Déi staark Motorleeschtung erlaabt eng héich Vitess op der Glécht, an eng konstant Vitess vun 83 km/h op Rampe bis zu 3 %.

D'Livrée ass an de Faarwe vum korsesche Fändel, schwaarz a wäiss.

Den éischten Autorail gouf fir Testzwecker, déi 8 Méint gedauert hunn, den 23. Juni 2007 geliwwert. D'Testfahrte goufen all Dag e puermol op der Streck Bastia-Ajaccio tëscht Vizzanova an Ajaccio gefuer a sporadesch um ganze Reseau.

D'Käschte konnten, trotz dem gudde Material, relativ niddreg gehale ginn. Bei engem Investissement vun 48 Milliounen Euro fir 12 Autoraile kënnt een op e Kilometerpräis pro Sëtzplaz vun 0,0079 €, wat ongeféier engem Autobus mat 45 Plazen entsprécht.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Autorail AMG 800 – Biller, Videoen oder Audiodateien