Autorail Uerdinger

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
VT 95.9
Technesch Daten
Konstrukteur Waggonfabrik Uerdingen
Baujoer 1950 - 1958
Achsformel A1
Raddurchmiesser 900 mm
Déngschtmass 11,5 - 13,9 Mp
Achslaascht 6 - 7 Mp
Undriff Diesel / Mechanesch
Längt iwwer Puffer 10.650 bis 13.298 mm
Maximal Vitesse 90 km/h
Leeschtung 110 / 130 / 150 PS
Bremsen Drockloft
VT 98.9
Technesch Daten
Konstrukteur Waggonfabrik Uerdingen
Baujoer 1953
Achsformel A A’
Raddurchmiesser 900 mm
Déngschtmass 18,9 Mp
Achslaascht 9,7 Mp
Undriff Diesel / Mechanesch
Längt iwwer Puffer 13.950 mm
Maximal Vitesse 90 km/h
Leeschtung 2x 150 PS
Bremsen Drockloft
D'Firmeschëld vum fréieren CFL Z 151

Den Uerdinger war en Autorail, deen um lëtzebuergeschen Eisebunnsnetz gelaf ass.

Besonnesch bekannt war en op klenge Strecken an op der Atert-Linn. Durch säi kuerzen Achsenofstand vu 4,5 m sinn d'Schléi, déi beim Iwwerfueren vun de Schinneverbindungen entstane sinn, zimlech direkt weidergeleet ginn, wat net dat kamoudst Gefiers war. Dat war besonnesch op der Atertlinn ze spiere well do kuerz Schinne louchen (18 m) an déi Linn och net méi ganz gutt ënnerhale war. Op dëser Linn ass den Uerdinger duerfir dacks Stuckeler vernannt ginn. Meeschtens ass e mat enger Remorque agesat ginn. Den Uerdinger, sou genannt nom Numm vun der Fabréck zu Uerdingen, war eng Autorail mat zwou Achsen a mat engem Dieselmotor.

Duerch säi besonnescht Motorgeräisch krut en an Däitschland de Spëtznumm Roter Brummer. Munnech Leit hunn och Micheline duerfir gesot well a Frankräich en ähnleche Schinnebuss gelaf ass, dee vu Michelin gebaut gi war.

En ass an zwou Versioune gebaut ginn, d'Baurei VT 95 an d'Baurei VT 98. Tëschent 1950 an 1971 sinn am Ganze 1.492 Stéck gebaut ginn.

Inhaltsverzeechnes

[änneren] D'Entwécklung vun den Uerdinger

Wéi déi kleng Niewebunnen an Däitschland net méi rentabel genuch waren ass d'Iddi opkomm fir Stroossegefierer, déi amstand waren bëlleg vill Leit ze transportéieren, op d'Schinnen ze setzen.

[änneren] Konzept

Den zwee-achsegen Autorail sollt an ekonomescher Hisiicht mat den Autobuse vun der Strooss duerch seng niddreg Uschafungs- a Betribskäschte konkuréieren. Et gouf besonnesch Wäert geluecht op wéineg Gewiicht a gutt Lafeegeschaften. E sollt staark genuch si fir eng liicht Remorque kënnen ze zéien.

D'Firma Waggon-Fabrik Uerdingen huet hiren éischte Schienenomnibus Leichtbauart schonn 1933 op der Berliner Automobil-Ausstellung presentéiert. Well en awer ze deier war ass nëmmen ee gebaut a verkaaft ginn.

1949 huet déi nei gegrënnten DB (Deutsche Bundesbahn) d'Waggon-Fabrik Uerdingen chargéiert e liichten Autorail ze entwéckelen. No nëmmen 8 Wochen konnt Uerdingen eng Offerte maachen. D'DB huet direkt 10 Stéck a 5 Remorquë bestallt, déi als Prototyp-Versioun (VT95 9.. an VB140 7..) geliwwert goufen.

[änneren] D'CFL an d'Uerdinger

Nodeems d'CFL mat de véierachsegen De Dietrich-Autorailen, déi op den Niewestrecken agesat goufen, gutt Erfarunge gamaach haten, hu fir d'Zäit ausser dem Beruffsverkéier nach Transportmëttele gefeelt.
Am Laf vum Joer 1950 huet d'CFL e Cahier de charges ausschaffe gelooss fir zéng liicht Autorailen mat Dieselmotoren mat zéng Bäiween. Um Enn vum Joer gouf e franséischen an en däitschen Autrail um lëtzebuergesche Schinnennetz agesat.

D'CFL huet liicht, zwee-achseg Autoraile gebraucht, déi präiswert unzeschafen, bëlleg am Ënnerhalt sollte sinn a flexibel konnten agesat ginn. Si wollten doduerch 8 Dampmaschinnen, 29 Persouneween an 8 Fourgonen ersetzen.

D'Waggon-Fabrik Uerdingen huet den CFL am Dezember 1950 en zweedeelegen Autorail zur Verfügung gestallt fir Testfahrten. Dësen Test war därmoosse positiv datt d'CFL, no nëmmen 2 Deeg, 10 kuerz VT 95 (Autorail) an 10 VB (Remorque) bestallt hunn. Sou war et net d'Deutsche Bundesbahn (DB), mee d'CFL, déi déi gréisst Commande vun den Uerdinger-Prototype gemaach huet.

[änneren] Prototyp VT95, wéi en zu Lëtzebuerg gelaf ass

[änneren] Karosserie

D'Karosserie gouf aus engem zesummegeschweesste Stoolgerëpp, dat mat Liichtmetallblecher (Daach a Säitewänn) verkleet war, fabrizéiert. De Buedem war aus Wellblech. Als Puffer goufe liicht Stousspufferen an als Kupplung (Attelage) deen aus dem Stroosseverkéier bekannten Unhängerzoch mat enger Zochstaang agebaut.

[änneren] Intérieur

Op de Wellblechbuedem koum fir d'éischt eng Isolatiounsschicht, duerno eng Späerholzplack an da Lino. D'Säitewänn waren aus Späerholztafelen aus poléiertem Limbaholz, de Plafong aus Späerholzplacken. D'Fënstere waren aus Spijelglas. Op den zwou Längssäite war e Gepäcknetz. Déi zwou Diere waren zweeflijelech a si vun Hand op an zou gemaach ginn. Als Sëtzer goufe gepolstert Bänke mat schwenkbare Récker agebaut. Doduerch konnt een d'Récker ëmklappen sou datt een ëmmer a Fahrtrichtung konnt sëtzen. Et waren 41 fest Sëtzplazen an 2 mol 3 Klappsëtzer agebaut, a 26 Stéiplaze virgesinn. An all Won war e WC vun nëmmen 1,10 x 0,80 Meter. D'Kabinn ass duerch eng Killwaasserheizung gehëtzt ginn. Op all Enn vun der Kabinn war e Sëtz fir de Maschinist, deen ëm 180° Grad konnt gedréint ginn an doduerch als Passagéiersëtz konnt profitéiert ginn.

Am Unhänger waren 6 Reie mat zesummen 30 feste Sëtzer an eng 4-sëtzeg Bänk op engem Enn vum Won. Um aneren Enn war e WC an e Gepäckraum vun 7,5 m2 mat 6 Klappsëtzer ënnerbruecht. Duerch déi méiglech 46 Stéiplaazen (21 am Persouneraum, 25 am Gepäckraum) konnt d'Remorque bis 80 Persoune faassen.

[änneren] Chassis

De Chassis war aus U-Profil zesummegeschweesst mat diagonale Verstäerkungen. D'Achse goufe mat Rollelager a Blatfiedere geliwwert. D'Rieder haten en Duerchmiesser vun 900 mm. Op de Kappsäite ware Schinneraumer aus 50 mm Stoolrouer ugeschweest.

[änneren] Motor a Boîte

Als Motor war e 6-Zylinder Diesel mat Waasserkillung vu Büssing (Typ U9) agebaut, deen 110 PS bei 1.800 Emdréiungen/Minutt geleescht huet. D'Boîte war en „Elektromagnetgetriebe“ mat 6 Gäng vun der „Zahnradfabrik Friedrichshafen“ (Typ 6 E-75).

[änneren] Bremsen

Den Uerdinger hat eng Drockloftbrems vu Knorr (RV 453) mat Scheiwebremsen (op all Achs war eng Bremsscheif). D'Drockloft gouf vun engem Westinghouse-Kompresser, dee mat Käilrimmer vum Motor gedriwwe gouf, produzéiert. D'Handbrems huet och op d'Scheiwebrems gewierkt.

[änneren] Elektresch Installatioun

D'Geliichts vun der Kabinn, d'Scheinwerfer, d'Kontrollinstrumenter an d'Gangschaltung hu mat 12 Volt funktionnéiert, déi vun engem Bosch-Dynamo an zwou 12-Volt-Batterien vu jee 162 Ah geliwwert goufen.

[änneren] D'Nummeren

  • Déi zéng Autoraile, déi 1951 a Betrib geholl goufe, kruten d'CFL-Nummeren Z 151 bis Z 160 an d'Remorquen Z 1051 bis Z 1060.[1]

Nodeems datt d'Z 155 de 5. Februar 1955 en Accident zu Béiwen-Atert hat, gouf si 1956 duerch d'Z 161 ersat.

[änneren] D'Uerdinger haut

De 551.669 am Fond-de-Gras

Den CFL hat 11 Stéck kaaft. Een dervun, den 151, kann een erëm am Fond-de-Gras gesinn, wann e fäerdeg restauréiert ass. En zweeten, dee baugläich ass wéi dem CFL säin 161, leeft beim Train 1900 ënnert der Nummer 551.669.

[änneren] Linken

[änneren] Kuckt och

[änneren] Um Spaweck

Commons: Uerdinger Schienenbus – Biller, Videoen oder Audiodateien

[änneren] Referenzen

  1. c.f. Lëscht op rail.lu
Perséinlech Tools
Nummraim

Varianten
Aktiounen
Navigatioun
Geschirkëscht
An anere Sproochen