Autorité luxembourgeoise indépendante de l'audiovisuel

Vu Wikipedia
Autorité luxembourgeoise indépendante
de l'audiovisuel (ALIA)
Typ Ëffentlecht Etablissement
Grënnungsdatum 27.08.2013
Sëtz 18, Rue Erasme
L-1468 Lëtzebuerg
Leedung Thierry Hoscheit (President CA)
Paul Henri Lorenz (Direkter)
Homepage http://www.alia.lu/


D'Autorité luxembourgeoise indépendante de l'audiovisuel (ALIA) ass e lëtzebuergescht ëffentlecht Etablissement, dat duerch e Gesetz vum 27. August 2013[1] an d'Liewe geruff gouf an dat déi fréier Commission nationale des programmes a Commission indépendante de la radiodiffusion ersetzt an deenen hir Kompetenzen iwwerhëlt.

Hir Haaptaufgab ass et sécherzestellen, datt déi audiovisuell Medien, déi ënner Lëtzebuerger Kompetenz falen, iwwerwaacht a kontrolléiert ginn, a sou sécher ze stellen, datt se d'Gesetzer, d'Reglementer an d'Cahier-de-chargen anhalen. Si ka Sanktiounen huelen, wann dat net de Fall sollt sinn[2].

2021 hat se 350 Programmer z'iwwerwaachen; bei hirer Grënnung waren et der 80. Am Ufank hat se 6 Mataarbechter an 2021 soll d'Zuel vum Personal op 11 gehéicht ginn.[3]

De Verwaltungsrot vun der ALIA besteet aus fënnef Memberen.

Verwaltungsrot an Direktioun vun der ALIA
Period President Memberen Direkter
2013-2019 Thierry Hoscheit Jeannot Clement, Valérie Dupong,

Luc Weitzel, Claude Wolf[2]

Romain A. Kohn
2019-2024 Thierry Hoscheit Valérie Dupong, Marc Glesener,

Claude Wolf, Luc Weitzel[4]

Paul Henri Lorenz[5]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Loi du 27 août 2013 portant création de l'établissement public «Autorité luxembourgeoise indépendante de l'audiovisuel» (...). legilux.public.lu (27.08.2013). Gekuckt de(n) 10.09.2020.
  2. 2,0 2,1 Presentatioun an engem Pressecommuniqué vum 3. Mäerz 2014, S.3-4
  3. Pierre Sorlut: "Jurassic TV." d'Lëtzebuerger Land Nr. 27, 09.07.2021, S.9.
  4. Conseil d'administration. www.alia.lu. Gekuckt de(n) 10.09.2020.
  5. Direction / secrétariat. www.alia.lu. Gekuckt de(n) 10.09.2020.