Autoscric

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

E Autoscric ass en Hiefgeschir, fir en Auto op enger bestëmmeter Plaz liicht an d'Luucht ze hiewen, fir esou kënne Reparaturen oder Ënnerhalt vu Plazen ze maachen, un déi ee soss schwéier kéim.

Am Dackste gëtt e Cric gebraucht, fir e Rad ze wiesselen, sief et, well een e Platten huet, sief et, fir Rieder mat Summerpneuen a Wanterpneuen ënnereneen ze tauschen.

Et gi verschidden Techniken, wéi e Cric fonctionnéiert; e kann hydraulesch, pneumatesch oder mechanesch sinn. Am Gängesten ass déi, bei där mat enger Kierb duerch Hiewelwierkung e rautefërmegen oder hallefrautefërmege Kader, duerch deen eng Gewënnstaang féiert, zesummegezunn gëtt, an esou de Won no uewe gedréckt gëtt.

Kuckt och [änneren]