Auxois

Vu Wikipedia

Den Auxois, op laténgesch: Alesiensis pagus, ass eng fréier franséisch Grofschaft déi vun 1082 un zum Herzogtum Burgund gehéiert huet.

Den Auxois war agedeelt an de Bailliage principal vu Semur-en-Auxois an d'Bailliages particuliers vun Avallon, Arnay-le-Duc a Saulieu.

Den Numm kënnt vun der Uertschaft Alésia, déi zum Territoire gehéiert huet.

Haut setzt den Auxois sech zesummen aus dem Arrondissement Avallon an der Yonne, an dem südlechen Deel vum Arrondissement Montbard an der Côte-d'Or.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: l'Auxois – Biller, Videoen oder Audiodateien