Ava Gardner

Vu Wikipedia
Ava Gardner
Gebuertsnumm Ava Lavinia Gardner
Gebuer 24. Dezember 1922
Gestuerwen 25. Januar 1990
Westminster
Doudesursaach Longenentzündung
Nationalitéit USA
Aktivitéit Schauspiller, Mannequin, Autobiograph, Filmschauspiller, Televisiounsschauspiller
Famill
Bestuet mat Mickey Rooney, Artie Shaw, Frank Sinatra
E Portrait vun der Gardnesch 1954

Ava Lavinia Gardner, gebuer de 24. Dezember 1922 zu Grabtown, North Carolina a gestuerwen de 25. Januar 1990 zu London, war eng US-amerikanesch Filmschauspillerin, déi besonnesch an den 1950er Jore groussen internationale Succès hat.

Hiren Duerchbroch hat si 1946 als verféieresch Femme fatale, nieft dem Burt Lancaster am Robert Siodmak sengem Film noir-Klassiker The Killers. Si huet weider a Filmer matgespillt wéi The Hucksters (1947), Show Boat (1951), The Snows of Kilimanjaro (1952), The Barefoot Contessa (1954), Bhowani Junction (1956), On the Beach (1959), Seven Days in May (1964), The Night of the Iguana (1964), The Life and Times of Judge Roy Bean (1972), Earthquake (1974), an The Cassandra Crossing (1976). Bis 1986 huet si nach FIlmer gedréint, ass dann 1990 un de Suitë vun engem Schlag gestuerwen.

Si war dräimol bestuet: mam Mickey Rooney, du mam Artie Shaw, an duerno mam Frank Sinatra.

Filmographie[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Ava Gardner – Biller, Videoen oder Audiodateien