Avanti! (Film 1972)

Vu Wikipedia
Avanti!
Film
Produktiounsland USA
Italien
Produktiounsjoer 1972
Première 1972
Dauer 140 min
Faarf Faarweg
Format 1,85:1} - 35 mm
Originalsprooch Englesch
Italieenesch
Ekipp
Regie Billy Wilder
Dréibuch Billy Wilder
I.A.L. Diamond
Fotografie Luigi Kuveiller
Musek Carlo Rustichelli
Schnëtt Ralph E. Winters
Dekoren Ferdinando Scarfiotti
Produzent Billy Wilder
The Mirisch Corporation
Jalem Productions
Produzioni Europee Associati (PEA)
Phalanx Productions
Schauspiller
Jack Lemmon als Wendell Armbruster Jr.
Juliet Mills als Pamela Piggott
Clive Revill als Carlo Carlucci
Edward Andrews als J.J. Blodgett
Gianfranco Barra als Bruno
Franco Angrisano als Arnoldo Trotta
Pippo Franco als Mattarazzo
Janet Agren
Filmportal - Filmer no Joren - Film no Länner - Film no Genre

Avanti! ass en US-amerikanesch-italieenesche Film vum Billy Wilder aus dem Joer 1972 no engem Theaterstéck vum Samuel A. Taylor.

Ëm wat geet et am Film?[änneren | Quelltext änneren]

De Wendell Armbruster Jr. flitt an Italien fir säi Papp, en décken Industriellen, dee bei engem Autosaccident gestuerwen ass, sou séier wéi méiglech zeréck an d'USA ze huelen. Hie fällt aus alle Wolleken, wéi e gewuer gëtt, datt de Papp do scho jorelaang eng Frëndin hat, déi en an der Summervakanz heemlech getraff huet. D'Rappatriéiere erweist sech, wéinst dem ënnerschiddleche Liewensstil an Italien, als net sou einfach wéi geduecht. Da léiert hien och nach der Frëndin hiert Meedche Pamela kennen, dat aus dem selwechte Grond do ass...

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]