Avenue des Champs-Élysées

Vu Wikipedia
VIIIe Arrt
Avenue des Champs-Élysées
Arrondissement 8. Arrondissement
Quartier(en) Champs Élysées
Ufank Place de la Concorde
Enn Place Charles de Gaulle
Längt 1910 m
Breet 70 m
Kreatioun 1610
Denominatioun 12. Mäerz 1864
Alen Numm Allée du Roule, Avenue de Neuilly
Vue op d'Champs-Elysées

D'Avenue des Champs-Élysées, och einfach nëmme Champs-Élysées, ëmgangssproochlech och les Champs an der franséischer Haaptstad Paräis ass eng vun de gréissten Avenuë vun der Welt. Si läit am nordwestlechen Deel vun der Stad am 8. Arrondissement. Ausgangspunkt sinn d'Päerdsgruppe Chevaux de Marly vum Guillaume Coustou, westlech vun der Place de la Concorde. Déi 1910 m laang a 70 m breet Avenue leeft bis op d'Place Charles de Gaulle, wou den Arc de Triomphe steet. Si läit an der Mëtt vum sougenannten Axe historique vu Paräis.

Heihi kënnt een iwwer d'Metrosstatiounen: Concorde, Franklin D. Roosevelt, George V, Champs-Élysées - Clemenceau a Charles de Gaulle - Étoile.

Hiren haitegen Numm krut d'Avenue des Champs Elysées scho 1789. E bedeit "Elysesch Felder" a kënnt vum Elysion, wou - no der griichescher Mythologie - auserwielten Helde versat ginn, wa si stierwen. D'Promenad mat de Beem op all Säit gouf ufanks „Grand Cours“ genannt, an ass net mam Cours-la-Reine ze verwiesselen. Déi éischt offiziell Bezeechnung war d'„Grande Allée du Roule“ (1670), dunn „Avenue du Palais des Thuilleries“ (1680), a schliisslech am ënneschte Beräich „Avenue de la Grille Royale“ an am ieweschten „Avenue de Neuilly“ (1778).

Am ënneschten ëstleche Beräich läit op den zwou Säite vun der Strooss de Jardin des Champs Élysées. Hei stinn nach d'Pavillone vun der Weltausstellung aus dem Joer 1900, de Petit Palais mam Musée des Beaux-Arts an de Grand Palais mam wëssenschaftleche Musée „Palais de la Découverte“. Nërdlech dovu läit de Palais de l'Élysée, zanter 1873 offiziell Residenz vum franséische President vun der Republik. Net wäit ewech fënnt een den Théâtre Marigny an den Théâtre du Rond Point. Den Théâtre des Champs-Élysées läit an enger Säitestrooss.

Hanner der Kräizung vum Rond-Point des Champs Élysées geet den ieweschten Deel vun der Avenue un, mat Geschäfter, Kinoen, Restaurantsen a Caféen.

De sougenannten Axe historique geet wäit iwwer d'Längt vun de Champs-Élysées eraus. Hie fänkt am Oste beim Louvre (12. Joerhonnert) an dem Arc de Triomphe du Carrousel (1807-1809) un, a leeft duerch d'Tuilerien bis op d'Place de la Concorde mam Obelisk vu Luxor. Hei fänkt d'Avenue des Champs-Élysées un, un hirem ëstlechen Enn steet den Arc de Triomphe. Hei geet si an d'Avenue de la Grande Armée iwwer. Den "Axe historique" leeft nach weider bis an d'Satellitestad La Défense (1958) mat der Grande Arche (1989).

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

D'Gebitt hanner de Gäert vum Palais des Tuileries war vu Felder a Gäert bedeckt. Am Joer 1616 huet d'Maria vu Medici am südleche Beräich d'Nordufer vun der Seine mat Bamreihe beplanze gelooss, d'Promenad krut den Numm Cours la Reine (spéider ëmgangssproochlech och "Petit Cours").

Ënner dem Louis XIV. an op eng Initiativ vum Minister Colbert huet am Joer 1667 den André Le Nôtre weider nërdlech, parallel zum "Cours la Reine" eng zweet Promenad geschaf. Dëse sougenannte "Grand Cours" ass exakt aus der Verlängerung vun der Zentralallee vun de Gäert vun den Tuilerien ervirgaangen, an aus him si spéider d'Champs-Elysées entstanen.

De Plang vum Guillaume de l'Isle aus dem Joer 1716 weist, datt ëmmer nach eng Sträif mat Weeër a Felder déi grouss Achs vun den Tuilerie vun der "Avenue des Tuileries" getrennt huet (déi deemools e ronne Baseng op der Plaz hat, wou haut de Rond-Point steet). Et gouf och scho verschidde Stroossen an Alleeën, déi vun der Avenue des Champs-Élyées ewechgefouert hunn. 1724 gouf d'Gaardenachs vun den Tuilerie-Gäert mat der Avenue verbonnen, a bis zu der Place Charles de Gaulle erweidert. D'Elysesch Felder waren en oppene Park op de Säiten, a goufe mat Beem beplanzt. No Osten hi war den onbeléifte Louvre (op der Kaart „Vieux Louvre“ genannt) nach keen Deel vun der Strooss, mä aner Gebaier stounge ronderëm. Am Westen ass d'Avenue bis zu der neier „Place du Pont Tournant“ gaangen, déi kuerz nom Louis XV. benannt gouf, an haut Place de la Concorde heescht.

Um Enn vum 18. Joerhonnert goufen d'Champs-Élysées ganz beléift, an dat gréisst Gebai war de Palais de l'Élysée, dee 1722 fäerdeggestallt gouf. D'Strooss vum Rond-Point bis zu der Place Charles de Gaulle, wou haut net manner wéi zwielef Stroossen zesummefannen, gouf ënner der Regierungszäit vum Napoléon I. gebaut, deen duerch grouss urbanistesch Bauteprojete Paräis moderniséieren a verschéinere wollt. Eréischt 1828 ass d'Avenue an de Besëtz vun der Stad Paräis iwwergaangen, déi Foussweeër an eng Stroossebeliichtung mat Gas installéiert huet.

Jean Béraud, La Modiste sur les Champs-Élysées.

Wärend der däitscher Besatzung vun 1940 bis 1944 goufen d'Beem op der Allee verduebelt - an éischter Linn aus esthetesche Grënn, awer och fir de Schiet vun de Beem fir d'Zaldoten z'erhéijen, déi do marschéiert sinn. Zanterhier gouf d'Avenue ëmmer nees ëmgebaut, fir d'lescht am Joer 1993, wéi d'Trëttoiren erweidert goufen.

Handel[änneren | Quelltext änneren]

Well de Loyer zimmlech deier ass, wunnen nëmme wéineg Leit op der Avenue des Champs-Elysées. Déi iewescht Stäck vun de Gebaier ginn haaptsächlech als Bürosraim vun Handelsvertriedungen, Versécherungsgesellschaften a Banke benotzt, um Rez-de-Chaussée fënnt een an der Reegel Geschäftspassage wéi d'„Arcades des Champs-Elysées“, Geschäfter, Restaurantsen, Caféen, Kinoen a Banken.

Schonn am Joer 1860 hu sech d'Geschäftsleit aus der Avenue zu engem „Syndicat d'Initiative et de Défense des Champs-Élysées“ zesummefonnt, deen 1916 ënner dem Virsëtz vum Louis Vuitton eng „Association“ gouf, an zanter 1980Comité des Champs-Élysées“ heescht. Dëse Comité versicht, de Prestige vun de Champs-Elysées oprecht z'erhalen. En huet bis haut e Vetosrecht wann et ëm nei Geschäfter geet, déi op de Champs-Elysées opgoe sollen.

Zu den eelsten Etablissementer vun de Champs-Elysées zielen d'Parfümerie Guerlain, de Restaurant Fouquet's an de Revuetheater Lido.

Evenementer[änneren | Quelltext änneren]

Pompjëe vu Paräis beim Défilé vum 14. Juli op de Champs-Élysées

All Joer fir Nationalfeierdag de 14. Juli gëtt et op de Champs-Élysées e grousse Militärdéfilé. Heizou zielen d'Buedemarméi, d'national Marin, d'franséisch Gendarmerie a Police, an d'Pompjeë vu Paräis. Dobäi sinn och ëmmer de President vun der Republik, de Gouvernement an d'auslännesch Botschafter.

D'Champs-Élysées sinn och traditionell déi lescht Etapp vum Tour de France.

All Joer, vun Enn November bis Enn Dezember ginn d'Champs-Élysées fir Chëschtdag beliicht, dëst ëmmer ënner dem Patronage vun enger Perséinlechkeet wéi zum Beispill Alain Delon, Catherine Deneuve, Johnny Halliday oder Florent Pagny fir 2006. All Joer, um Owend vum 31. Dezember, ginn d'Champs-Élysées eng Foussgängerzon, fir d'Neit Joer ze feieren.

Aussergewéinlech Manifestatiounen[änneren | Quelltext änneren]

Literatur zum Theema[änneren | Quelltext änneren]

  • Jacques Hillairet, Dictionnaire Historique des Rues de Paris, Éditions de Minuit, Paräis, 1963. (ISBN 2-7073-0092-6)
  • Fritz Stahl, Paris. Eine Stadt als Kunstwerk, Rudolf Mosse Buchverlag, Berlin, 1929.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Avenue des Champs-Élysées – Biller, Videoen oder Audiodateien
Portal vu Paräis – All d'Artikelen op dëser Wikipedia iwwer Paräis.