Awerglawen
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
| Dëse Reliouns- a Glawensartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Thema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Als Awerglawen oder Awerglaf (vun awer a gleewen, am Sënn vu gleewen obschonns et "falsch" ass) bezeechent een d'Unhuele vu Glawensinhalter déi net an der majoritärer Relioun vun där Géigend wou een ass, present sinn, oder déi esouguer konträr zu deene vun dëser Relioun sinn.
De Begrëff Awerglawe gëtt meeschtens ofwäertend benotzt fir eng Glawensastellung déi dem "richtege Glawen" entgéintsteet. Domat ass gemengt datt den Awerglawen als irrational, onverstänneg (heiansdo och onmënschlech) an ouni Notze soll sinn, an ass doduerch als ënnerleeë betruecht ginn. Heefeg ass en och am Zesummenhang mat niddreger Bildung, dem Mëttelalter (Opklärung) oder och nach mat net-monotheistesche Reliounen oder Kulte gebraucht ginn.
Literatur [änneren]
- Bächtold-Stäubli, Hanns (Erausg.): Handwörterbuch des deutschen Aberglaubens, 1987, Walter de Gruyter, Berlin - New York, an 10 Bänn. Dëst ass de fotomechaneschen Nodrock vun der Editioun vun 1932 - 1987.
Um Spaweck [änneren]
| Commons: Awerglawen – Biller, Videoen oder Audiodateien |