Axayacatl

Vu Wikipedia
Axayacatl

Den Axayacatl (Nahuatl: Waassergesiicht) war vu 1469 bis 1481 Herrscher iwwer déi aztekesch Stad Tenochtitlán.

Am Joer 1473 huet hien d'Nopeschstad vun Tenochtitlán, Tlatelolco ënnerworf. Säi Virgänger war de Moctezuma I.. No him koum säi Brudder Tizoc op den Troun. Wärend senger Herrschaft goufen nach aner Stied ënnerworf, dorënner Tehuantepec an Huatulco.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Aztec sun stone – Biller, Videoen oder Audiodateien