Azimutal Montéierung
Azimutal Montéierungen, och at-azimutal-Montéierung oder Altazimut genannt, sinn astronomesch Montéierungen op enger vertikaler Haaptachs, ëm déi sech déi ganz Anlag dréie kann. D'Observatiounsinstrument selwer léisst sech ëm eng horizontal Achs tëschent Horizont an Zenit schwänken. Déi Montéierunge si mechanesch einfach. Et muss awer a Kaf geholl ginn datt d'Beweegungen ëm béid Achse mat stänneg verännerleche Vitessë geschéie mussen. Ausserdeem rotéiert d'Gesiichtsfeld vum Observatiounsinstrument. Dat heescht, fir d'Astrofotografie oder fir Miessinstrumenter um Observatiounsinstrument muss och motoresch permanent noregléiert ginn. Duerch den Asaz vu Computertechnik kënnen déi Steierungsproblemer haut awer geléist ginn. Déi gréisst Teleskopanlagen hunn azimutal Montéierungen.
[änneren] Um Spaweck
| Commons: Azimutal Montéierung – Biller, Videoen oder Audiodateien |