Béier vun Erymanthos

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Den Herakles an den erymantesche Béier

De Béier vun Erymanthos war niewent deem vu Kalydon en Nokomme vun der Phaia.

De Béier vun Erymanthos war en zolidd Wëllschwäin, dat enorm Verwüstungen an der Géigend vum Bierg Erymanthos an Arkadien ugeriicht huet. Eng vun den 12. Aufgabe vum Herakles, bestoung doranner, dëse Béier, op Uerder vum Kinnek Eurystheus, lieweg ze fänken an op Mykene ze bréngen.

Den Herakles huet de Béier aus dem Gestrëpp, wou e gelieft huet, erausgedriwwen. Doropshinn huet en d'Béischt déif an e Schnéifeld gedriwwen bis et vu Middegkeet an d'Gette goung. Den Herakles huet de Béier dunn op Mykene bruecht, wou sech de Kinnek beim Ubléck vum Herakles mam Béier an engem Faass verstoppt huet.

Commons: Erymanthian Boar – Biller, Videoen oder Audiodateien
Perséinlech Tools
Nummraim

Varianten
Aktiounen
Navigatioun
Geschirkëscht
An anere Sproochen