Bënner

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Corn harvesting - geograph.org.uk - 975983.jpg

E Bënner war eng landwirtschaftlech Maschinn déi gebraucht gouf fir Fruucht eranzehuelen.

De Bënner gouf vum US-Amerikaner Charles Withington am Joer 1872 entwéckelt. En huet de Wee an Europa awer zimlech spéit fonnt. Dat hat haaptsächlech als Ursaach, datt en a groussen Deeler vun Europa net sou wichteg war, well et keng sou grouss Fläche fir ze méie gouf wéi an Amerika, well d'Baurebetriber méi kleng waren, Felder méi opgesspléckt, an d'Landwirtschaft déizäit méi op Véizuucht a Mëllechwirtschaft ausgeriicht war wéi op reng Käreproduktioun. Dozou koum, datt et an an de klenge Baurebetriber un der néideger Mënz gefeelt huet fir Maschinnen ze kafen. Beim Opkomme vum Méidrescher Enn der 50er Joren ass de Bënner zimlech séier aus de Betriber verschwonnen.

De Bënner huet op der Méimaschinn baséiert. En hat grad sou Méibalke wéi déi. Hanner dem Méibalke war e breet Transportband montéiert dat aus graffem Duch (Canevas) gemaach war, op dat déi geschnidde Fruucht gefall ass, an domat weidertransportéiert gouf bis bei de Knëppsystem wou se a Guerwe gebonne gouf, an da vun do aus erëm op d'Feld fale gelooss gouf.

Op de sougenannten Dicher, waren de queesche Wee dënn Late festgemaach fir dat d'Fruucht um Wee bei de Knëppsysteem, dee méi heech ubruecht war net konnt zréckrutschen.

Fir datt d'Fruucht gutt op Dicher sollt falen, war iwwer dem Méibalken en Haaspel montéiert deen d'Fruucht an d'Maschinn era gezunn huet.

D'Bënnere goufen am Ufank mat Päerd gezunn, a méi spéit dann och vun Trakteren. Déi ganz Mechanik gouf iwwer en Zännrad ugedriwwen dat op engem vun de Rieder vum Bënner montéiert war.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Bënner – Biller, Videoen oder Audiodateien