BB 22200 (SNCF)

Vu Wikipedia
BB 22200
Nummeréierung: 22201–22405
Stéckzuel: 205
Constructeur: Alstom
Baujoren: 1976–1986
Ausmusterung: Nach a Betrib
Achsformel: Bo'Bo'
Déngschtmass: 90 Tonnen
Längt iwwer Puffer: 17.480 mm
Maximal Achselaascht 22,5 Tonnen
Héchstvitesse: 160 km/h / 200 km/h
Stroumsystemer: 1,5kV Gläichstroum
25 KV 50 Hz Wiesselstroum
Leeschtung: 4.360 kW

D'BB 22200 sinn eng Serie vun Elektrolocke vun der SNCF. Si goufe Mëtt vun de 1970er Joren als 2-Systemlokomotiv entwéckelt wéi d'BB 25200 un hir Grenze gestouss sinn.

D'Nummer vun der Serie 22200 ergëtt sech, wann ee 15000 (fir d'BB 15000) a 7200 (fir d'BB 7200) zesummenzielt.

Allgemenges[änneren | Quelltext änneren]

  • Wéinst där charakteristescher Form vun de Fënsteren an der Wölbung direkt dorënner, kruten d'22200er genee wéi d'6500er de Spëtznumm Nez cassé, also gebrachen Nues. Deen Design hat sech de franséischen Designer Paul Arzens fir d'CC 40100 afale gelooss.
  • Verschidde Lokomotive si fir den Asaz mat 200 km/h ëmgebaut ginn.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: SNCF Class BB 22200 – Biller, Videoen oder Audiodateien