BB 26000 (SNCF)
| BB 26000 | ||
|---|---|---|
| Nummeréierung: | 26001–26234 Je nom SNCF Deelberäich: VFE 126xxx CIC 226xxx FRET 426xxx TER 526xxx |
|
| Stéckzuel: | 234 | |
| Constructeur: | Alstom | |
| Baujoren: | 1988–1998 | |
| Ausmusterung: | Nach a Betrib | |
| Achsformel: | Bo'Bo' | |
| Déngschtmass: | 88,8 Tonnen | |
| Längt iwwer Puffer: | 17710 mm | |
| Maximal Achselaascht | 22,5 Tonnen | |
| Héchstvitesse: | 200 km/h | |
| Stroumsystemer: | 1,5kV Gläichstroum 25 KV 50 Wiesselstroum |
|
| Leeschtung: | 5600 kW | |
D'Lokomotiven aus der Serie BB 26000 sinn Elektroloke vun der SNCF déi och ënnert dem Konschtwuert Sybic bekannt sinn. SYBIC steet fir synchrone a bicourant, béides sinn nei Eegeschaften déi d'Serie 26000 matbruecht huet.
[änneren] Allgemenges
- Et ginn 26000er an 5 verschiddenen Livréeen: Bëtong, Multiservice, "En Voyage", Fret an TER Alsace.
- D'Maschinnen déi fir den Asaz mat Steierween ausgeluecht sinn, hunn hannert hirer Nummer en R stoen.
[änneren] Historique
Well am Frankräich 2 Stroumsystemer coexistéieren, den Industriestroum vun 25kV 50
am Norden an den 1,5kV Gläichstroum am Midi, huet d'SNCF traditionell mat Maschinne geschafft déi ënnert engem vun den zwéi Reseaue funktionéiert hunn. An den 1960er an -70er Joren huet een mat der BB 25200 an BB 22200 Lokomotiven fir béid Systemer bestallt. Well déi awer vill gefrot an economesch rentabel waren, huet Alstom schonns kuerz dono un engem Nofolgerserie gebaut. Ab 1988 gouf dës Serie als BB26000 an Déngscht gestallt.
[änneren] Um Spaweck
Detailléiert technesch Donnéeën iwwert d'Sybic.
| Commons: SNCF Class BB 26000 – Biller, Videoen oder Audiodateien |
CFL: CFL 150/160 - CFL 1030 - CFL 1600 - CFL 1800 - CFL 2000 - CFL 2100 - CFL 2200 - CFL 3000 - CFL 4000 - CFL-Dosto - CFL Corail - CFL Wegmann - CFL 3600
SNCB: AR 41 - AM 80 - AM 96 - Serie 13 - Serie 15 - Serie 16 - Serie 18 (Siemens) - Serie 20 - Serie 21
Serie 23 - Serie 27 - Voiture M6 - Voiture I6 - Voiture I10 - Voiture I11
SNCF: TGV - BB 15000 - BB 26000 - SNCF Corail
DB: Serie 181
Kuckt och: Gare · Rangéiergare · Automotrice · InterRegio m · InterCity J