Spuerkeess

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
(Virugeleet vu(n) BCEE)
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Stub W.svg Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Thema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran.
De Siège op der Metzer Plaz

D'Spuerkeess, op Franséisch och Banque et Caisse d'Épargne de l'État genannt (kuerz BCEE) ass eng staatlech Bank a Spuerkeess zu Lëtzebuerg.

Se gouf duerch e Gesetz vum 21. Februar 1856 duerch de Groussherzog Wëllem III. als Caisse d'Epargne de l'Etat du Grand-Duché de Luxembourg gegrënnt.[1]

De Generaldirekter ass de Jean-Claude Finck. Säin Adjoint ass de Michel Birel.

2011 hunn 1.788 Leit bei der Spuerkeess geschafft, den Nettobenefice louch bei 187 Mio. Euro.[2]

Den Haaptsëtz ass an der Stad Lëtzebuerg op der Metzer Plaz. Architekt vum markante Gebai war de Jean-Pierre Koenig. Uechter d'Land huet d'Spuerkeess 74 Agencen.

An der ënnerierdescher Verbindung vun 2 vun hiren Haaptgebaier ass zënter ufanks den 1990er Joren d'Galerie Am Tunnel amenagéiert.

Éier den Institut monétaire luxembourgeois gegrënnt gouf, huet d'Spuerkeess Billjeeën a Lëtzebuerger Frang erausginn. Si haten zu Lëtzebuerg Cours niewent deene vun der Banque Nationale de Belgique an deene vun der Interbank, déi och en Emissiounsrecht hat.

Déi international Ratingsagencen Standard & Poors a Moody's bewäerten d'Spuerkeess, well hiren eenzegen Aktionär de Lëtzebuerger Staat ass an wéinst hire gudde Resultater, mat AA+/A-1+ respektiv AAA/P-1, deem beschte Rating op der Finanzplaz Lëtzebuerg. 2011 ass d Spuerkeess op déi 7. Plaz vum "World's 50 safest banks 2012" vum Magazin Global Finance genannt ginn.

Si ass ë. a. u grousse Gesellschafte wéi z. B. der Luxair an der Cargolux bedeelegt.

Hire BIC-Code ass BCEELULL. Mat S-net bezeechnen se hiren Internet Banking.

Kuckt och [änneren]

Um Spaweck [änneren]

Referenzen [änneren]