Lëtzebuerger Nationalbibliothéik
D'Lëtzebuerger Nationalbibliothéik, offiziell: Bibliothèque nationale de Luxembourg, ofgekierzt BNL, ass eng ëffentlech Bibliothéik, déi zënter 1958 Depositaire vum Dépôt légal zu Lëtzebuerg ass. Ausserdeem ass et eng wëssenschaftlech Bibliothéik mat enzyklopedeschem Usproch. D'Bicher kënnen zum Deel ausgeléint ginn, fir mat heem ze huelen, zum Deel mussen s'op der Plaz gelies ginn.
Hir Aufgabe goufe fir d'lescht duerch e Gesetz vum 25. Juni 2004 iwwer d'Kulturinstituter vum Staat definéiert.
D'Nationalbibliothéik bitt, niewent deene schonn ernimmten, nach eng ganz Rëtsch aner Servicer un: se ass ugeschloss um System vum Prêt international, se géréiert d'ISBN-Nummere fir Lëtzebuerg, organiséiert Ausstellungen, gëtt d'Nationalbibliographie eraus, ënnerhällt den informatiséierte Katalog vu bibliographesche Referenze vun de Publikatiounen aus hirem Bestand an deem vun anere Bibliothéiken zu Lëtzebuerg, a mécht op hirem Internet-Site no an no ëmmer méi eeler Zäitschrëften a Publikatiounen elektronesch zougänglech.
Esou gouf z.B. am Mee 2009 eLuxemburgensia virgestallt, e Webportal, iwwer dat sämtlech Nummere vum Tageblatt vun 1913-1950 a vum Luxemburger Wort vun 1848-1950 consultéiert kënne ginn.[1] .
D'Nationalbibliothéik huet (2007) e Fong vu ronn 750.000 Bicher an enger 3.500 Periodiquën.
Inhaltsverzeechnes |
[änneren] Geschicht
D'Urspréng vun der haiteger Nationalbibliothéik ginn op d'Joer 1798 zeréck, wéi d'Bicher vun de Kléischter, déi an der Zäit vun der franséischer Revolutioun, an an de Jore virdrun opgeléist gi waren, op enger Plaz zesummebruecht a versuergt sollte ginn. Dëst geschouch an der École centrale du Département des Forêts, déi dat Joer nei geschafe gouf. Dat sinn déi Bicher, dé haut zu der Réserve précieuse vun der Nationalbibliothék gehéieren.
No der franséischer Occupatioun koum dës Bibliothéik an de Besëtz vun der Stad Lëtzebuerg, an 1848 huet de Lëtzebuerger Staat se opkaaft, an se 1850 mat där vum Atheneum fusionnéiert.
1899, wou "Nationales" dans l'air du temps war, gouf se fir d'éischt "Nationalbibliothéik" genannt. 1942, an der Zäit vun der däitscher Besatzung, gouf d'Bibliothéik vum Atheneum an e Gebai um Boulevard Royal geplënnert, wou se bis uganks vun den 1970er Jore blouf. An där Zäit war den absoluten Déifpunkt vun der Bibliothéik. D'Bicher louchen doruechter ënner Konditiounen, déi et mat sech bruecht hunn, datt vill Dokumenter, Kaarten a Bicher vermuuscht a verdreckst sinn.
Wéi den Atheneum op de Geesseknäppchen an en Neibau geplënnert ass, ass d'Nationalbibliothéik, no Renovatiounsaarbechte, den 1. Februar 1973, an deene Gebailechkeeten nieft der Kathedral, déi eidel waren, installéiert ginn. Do ass se bis haut.
Zënter Joerzéngten platzt d'Nationalbibliothéik, aus Manktem u politeschem Wëlle fir eng adequat Struktur, aus allen Néit. Hir Bestänn sinn, nieft dem Haaptgebai, an 3 Annexe verspreet oder "provisoresch" op Plaze stockéiert, déi net dofir gëeegent sinn. Sou goufen eng 30.000 Bicher (1 Regalkilometer) am Keller vum Gebai gelagert, deen awer vill ze fiicht ass, mam Resultat, datt déi Bicher vu Pilz befall goufen a fir 200.000 Euro hu missen traitéiert ginn.[2]
[änneren] Eng Léisung 2014?
A senger Ried zu der Lag vun der Natioun vum 5. Mee 2010 huet de Premier Jean-Claude Juncker ugekënnegt, datt 2014 bei d'Kräizung Bricherhaff um Kierchbierg en neit Gebai fir d'Nationalbibliothéik gebaut sollt ginn.[3] Bis dohinner hat d'Regierung wëlles gehat, der Nationalbibliothéik en neit Gebai amplaz vun haitege Schuman-Gebai op der Place de l'Europe um Kierchbierg opzeriichten.[4] Well dat awer ze laang daure géif (op d'manst bis 2020), ass eng nei Léisung gesicht ginn.
[änneren] Direkteren
D'Gesetz vum 26. Februar 1965 huet festgeluecht datt d'Direktioun vun der Nationalbibliothéik vun engem Direkter assuréiert gëtt.
- 1965 - 1972 : Joseph Goedert
- 1972 - 1984 : Gilbert Trausch
- 1984 - 1996 : Jul Christophory
- 1996 - 1997 : Emile Thoma (Interims-Direkter)
- 1997 - 1999 : Jean-Claude Muller
- 1999 - 2001 : Jean-Claude Muller (Direkter), Monique Kieffer (Direkter faisant fonction)
- zënter 2001 : Monique Kieffer
[änneren] Literatur
- Jean-Marie Reding, 2008. Aus der Geschichte einer Stadt- und Nationalbibliothek. ons stad 89: 21-29.
- Monique Kieffer, 2008. La Bibliothèque nationale à l'ère de la révolution numérique. ons stad 89: 31-34.
- La Bibliothèque nationale de Luxembourg. Luxembourg: Bibliothèque nationale de Luxembourg, 2006.
[änneren] Referenzen
- ↑ Vgl. "'eluxemburgensia' ist online." wort.lu 26.05.2009 14:02, aktualiséiert 26.05.2009 15:15. D'Adress vum Site ass www.eluxemburgensia.lu.
- ↑ "30 000 Bücher von Pilz befallen. Feuchtigkeitsprobleme in der Nationalbibliothek." wort.lu 29.01.2010 08:22, aktualiséiert 29.01.2010 10:48.
- ↑ "Mir brauchen eng nei Nationalbibliothéik. Ee Land dat eppes op sech hält däerf seng Bicher an domat e Stéck vu senger Vergaangenheet net vermuuschte loossen. Déi nei Nationalbibliothéik kënnt op de Kierchbierg bei d'Kräizung Bricherhaff. Mir kënnen einfach net méi laang waarden, et dauert eis ze laang bis d'Schumansgebäi bei der Philharmonie fräi gëtt. Elo gi séier nei Pläng gemaach, an 2014 gëtt d'Nationalbibliothéik gebaut." Jean-Claude Juncker: Discours sur l'état de al nation vum 5. Mee 2010.
- ↑ Ben Fayot: "Zukunft der Nationalbibliothek: Nationalbibliothek ade?" Lëtzebuerger Land 18.12.2009
[änneren] Linken
[änneren] Kuckt och
[änneren] Um Spaweck
- bnl.lu - den Internetsite vun der Nationalbibliothéik
- Lëtzebuerger Bibliothéiken - Artikelsammlung aus dem Lëtzebuerger Land op land.lu, dorënner eng jett iwwer d'Nationalbibliothéik.
- Loi du 5 décembre 1958 ayant pour objet l´organisation de la Bibliothèque Nationale et des Archives de l´Etat am Mémorial N° 64 vum 19. Dezember 1958, S. 1551 - S. 1552
- Loi du 26 février 1965 portant modification et complément de la loi du 5 décembre 1958 ayant pour objet l'organisation de la bibliothèque nationale et des archives de l'Etat am Mémorial A - N° 10 vum 27. Februar 1965, S. 103 - S. 104
- Loi du 28 décembre 1988 portant réorganisation des instituts culturels de l´Etat am Mémorial A - N°71 vum 28. Dezember 1988, S. 1480 - 1492
- Loi du 25 juin 2004 portant réorganisation des instituts culturels de l’Etat am Mémorial A - N° 120 vum 15. Juli 2004, S. 1798 - S. 1810