Baade (Moundkrater)
| Eegeschaften | |
|---|---|
| Breet | 44,8° S |
| Längt | 81,8° W |
| Duerchmiesser | 55 km |
| Déift | onbekannt |
| Selenographesch Längt | 83° bei Sonnenopgank |
| Genannt nom | Walter Baade |
De Baade ass en Aschlagkrater no beim südwestleche Rand vum Mound op der viischter Säit vum Äerdmound, südwestlech vum giganteschen Aschlagbecken vum Mare Orientale. Nordwestlech läit de Krater Graff a genee westlech dem Krater Catalán. D’Gebitt ëstlich vum Krater formt d’Verbindung tëschent dem 280 Kilometer laangem Vallis Bouvard am Norden an dem schmuelen, 160 Kilometer laangem Vallis Baade a süd-südëstlecher Richtung.
De Baade ass am allgemengen kreesfërmeg, mit schaarfkantege Baussen- an deelweis terrasséierten Bannewänn. Dat Bannescht vum Krater ass rau an onregelméisseg a weist bei schosselfërmegee Form kee kloer ofgrenzenden Kraterbuedem. Een zentralen Hiwwel am Mëttelpunkt feelt an de ganze Krater weist keng wiesentlech Erosiounsspueren op.
Kuckt och [änneren]
- Lëscht vun de Maria um Äerdmound
- Lëscht vun Däller um Äerdmound
- Lëscht vun den Äerdmoundkrateren
- Lëscht vu Rillestrukturen um Äerdmound
- Lëscht vu Bierger um Äerdmound
- Südpol-Aitken-Becken