Baarle-Hertog
|
|||||
|---|---|---|---|---|---|
| Land | |||||
| Regioun | |||||
| Communautéit | Flämesch Communautéit | ||||
| Provënz | |||||
| Arrondissement | Turnhout | ||||
| Telefonszon | 014 | ||||
| Postcode | 2387 | ||||
| Koordinaten | 51° 26' 00" N 04° 55' 00" O |
||||
| Fläch | 748 ha | ||||
| Bevëlkerung | 2.385 2008 | ||||
| Baarle-Hertog an der Provënz Antwerpen | |||||
Baarle-Hertog ass eng belsch Gemeng an der Provënz Antwerpen.
Baarle-Hertog ass bekannt fir seng komplizéiert Grenze mat Baarle-Nassau an Holland. Et besteet neemlech aus 24 separaten Terrainen. Ausser der Uertschaft, Zondereigen, nërdlech vun der belscher Uertschaft Merksplas, déi keng Exklav ass, ginn et 20 belsch Exklaven an Holland an 3 aner Stécker op der belsch-hollännescher Grenz. Fir d'Sach nach méi komplizéiert ze maachen, ginn et an de belschen Exklaven nach eng Kéier am ganze 7 hollännesch Exklaven, 6 dovunner an der gréisster belscher, an eng ganz am belschen Territoire. E klenge Wutz am Süde vu ronn 19 ha huet nëmmen eng e puer Meter breet Verbindung mat Holland.
D'Grenzzéiung ass esou verwurelt, well d'Hollänner an d'Belsch sech 1843 net eens goufen, wéi se sollt verlafen. Dofir ass Parzell fir Parzell verfuer ginn, dorënner der vun net emol engem Ar. Sou kënnt et, datt d'Grenzen alt queesch duerch d'Haiser ginn. D'Lag vun der Hausdier bestëmmt dann, a wat fir engem Land d'Haus steet. Kleng Fändelen nieft der Hausnummer maachen et engem méi einfach, ze wëssen, a wat fir engem Land ee grad ass. Et heescht, datt et alt virkoum, datt, wann d'Steiergesetzer an engem Land zum Nodeel vum Bewunner geännert hunn, d'Hausdier einfach versat gouf. Och Bistroen, op der Grenz, hu vun dëser Situatioun profitéiert: wéi an Holland d'Bistroen éischter hu missen zoumaache wéi an der Belsch, sinn d'Clienten einfach op en aneren Dësch geplënnert.
Literatur [änneren]
- Louis Malvoz, Baerle-Duc et Baerle-Nassau: Trente-quatre territoires pour deux communes ; in: Bulletin trimestriel du Crédit communal de Belgique , Nr. 155 (Januar 1986); Ss. 3-58 (ill.).
- Dominique Seytre, Une vie en pointillé: Baarle-Hertog, les enclaves belges des Pays-Bas ; in: Le Jeudi , Ausgab vum 29. Dezember 2011 - 4. Januar 2012; S. 30.
Um Spaweck [änneren]
| Commons: Baarle-Hertog – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Offiziell Säit (op hollännesch)
- Baarle-Nassau / Baarle-Hertog (mat Kaarten)
- Fotoe vu Baarle-Nassau/Hertog
- Dem Jan S. Krogh seng Säit iwwer déi 2 Baarlen
Aartselaar - Antwerpen - Arendonk - Baarle-Hertog - Balen - Beerse - Berlaar - Boechout - Bonheiden - Boom - Bornem - Borsbeek - Brasschaat - Brecht - Dessel - Duffel - Edegem - Essen - Geel - Grobbendonk - Heist-op-den-Berg - Hemiksem - Herentals - Herenthout - Herselt - Hoogstraten - Hove - Hulshout - Kalmthout - Kapellen - Kasterlee - Kontich - Laakdal - Lier - Lille - Lint - Malle - Mechelen - Meerhout - Merksplas - Mol - Mortsel - Niel - Nijlen - Olen - Oud-Turnhout - Putte - Puurs - Ranst - Ravels - Retie - Rijkevorsel - Rumst - Schelle - Schilde - Schoten - Sint-Amands - Sint-Katelijne-Waver - Stabroek - Turnhout - Vorselaar - Vosselaar - Westerlo - Wijnegem - Willebroek - Wommelgem - Wuustwezel - Zandhoven - Zoersel - Zwijndrecht