Baaschtnech
|
|||||
|---|---|---|---|---|---|
| Land | |||||
| Regioun | |||||
| Communautéit | Franséisch Communautéit | ||||
| Provënz | |||||
| Arrondissement | Baaschtnech | ||||
| Telefonszon | 061 | ||||
| Postcode | 6600 | ||||
| Koordinaten | 50° 00' 15" N 05° 43' 12" O |
||||
| Fläch | 17 203 ha | ||||
| Bevëlkerung | 14 577 (1. Jan. 2008) | ||||
|
Lag vun der Gemeng (rout) an der Provënz Lëtzebuerg (hellgro) am Arrondissement Baaschtnech (donkelgro) |
|||||
Baaschtnech (Bastogne op Franséisch a Wallounesch, Bastenaken op Hollännesch, Bastnach op Däitsch) ass eng Stad, Sektioun an Haaptuert vun der Gemeng mat demsechten Numm an der belscher Provënz Lëtzebuerg.
Zënter der belscher Gemengereform vun 1977 gehéieren haut déi fréier Gemenge Longvilly, Noville, Villers-la-Bonne-Eau a Wardin zu der Gemeng Baaschtnech.
Zur haiteger Sektioun Baaschtnech gehéiere folgend Uertschaften: Bizory, Hemroulle, Isle-la-Hesse, Isle-le-Pré, Savy a Senonchamps.
Baaschtnech läit un der Nationalstrooss N4 déi vun Arel bis op Baaschtnech zu der Voie de la Liberté gehéiert.
Um Territoire vun der Uertschaft Al Hé an der fréierer Gemeng Longvilly huet d'Lingserbaach hir Quell.
D'Awunner gi Bastognards genannt.
Inhaltsverzeechnes |
Geschicht [änneren]
Baaschtnech daucht eng éischte Kéier 634 schrëftlech op, wéi en Herzog vun Austrasien der Abtei vun Tréier säi Besëtz vu Baaschtnech iwwerdréit, dee 721 un d'Abtei Prüm iwwergeet. An der Ardennenoffensiv, am Wanter 1944/45, hat Baaschtnech besonnesch vill ze leide gehat. E Memorial, dat sougenannte Monument um Mardasson, erënnert dorunner. Do dernieft steet de Bastogne Historical Center, e Musée iwwert d'Kämpf ëm a ronderëm Baaschtnech.
Jumelagen [änneren]
Baaschtnech ass mat Périers an der Basse-Normandie jumeléiert, an huet de 16. Abrëll 2005 mat der Gemeng Tulette an der Drôme geschloss.
Buergermeeschtere vu Baaschtnech [änneren]
| Zäit | Buergermmeeschter | Bemierkungen |
|---|---|---|
| Belsch Revolutioun – 1832 | François Thomas | |
| 11.08.1832 – 31.12.1842 | François Siville | |
| 01.01.1843 – 14.05.1846 | Henri Metz | Gestuerwe virum Enn vum Mandat |
| 18.07.1846 – 13.04.1868 | François Hansez | Gestuerwe virum Enn vum Mandat |
| François Thomas | f.f. | |
| 28.10.1868 – 08.07.1871 | François Thomas | Gestuerwe virum Enn vum Mandat |
| Victor Mortehan | f.f. | |
| 10.11.1871 – 11.07.1872 | Arsène André | Demissionéiert |
| 02.09.1872 – 31.12.1884 | Victor Mortehan | |
| 01.01.1885 – 31.12.1887 | Lucien Eschweiler | |
| 01.01.1888 – 31.12.1890 | Victor Mortehan | |
| 01.01.1891 – 25.05.1895 | Louis Lambotte | Demissionéiert |
| Firmin Delferriere | f.f. | |
| 21.01.1896 – 21.12.1903 | Louis Lambotte | |
| 01.01.1904 – 31.12.1911 | Stanislas Duschêne | |
| 01.01.1912 – 01.12.1925 | Alphonse Lefèbvre | Gestuerwe virum Enn vum Mandat |
| Evrard Blérot | f.f. | |
| 03.09.1926 – 31.12.1926 | Evrard Blérot | |
| 01.01.1927 – 29.11.1940 | Alphonse Materne | Ofgesat vun der däitscher Besatzung |
| 13.07.1940 - | ? Parmentier | f.f Genannt vun den Däitschen |
| 05.05.1941 – 10.06.1944 | Pierre Renquin | f.f. Verhaft vun den Däitschen |
| .06.1944 - .09.1944 | Joseph Jeangout | f.f. genannt vun den Däitschen |
| .09.1944 – 31.07.1945 | Léon Jacqmin | f.f. genannt vun den Amerikaner |
| 31.07.1945 – 31.12.1964 | Pierre Renquin | |
| 01.01.1965 – 31.12.1976 | Louis Olivier | Ersat duerch de Charles Govaerts déi Zät an där e Minister war. |
| 01.01.1977 – 2000 | Guy Lutgen | PSC |
| Joseph MOINET | f.f. 86, 87, 88, 94 – PSC | |
| Philippe Collard | f.f. 95, 96, 97, 98 | |
| Gilbert Stilmant | f.f. 99 – PSC | |
| Zënter 2001 | Philippe Collard | MR Député fédéral zënter dem 14.07.99 Conseiller provincial vun 1985-1999 |
Kuckeswäertes [änneren]
- De Mémorial du Mardasson
- De Musée Bastogne Historical Center
- D'Porte de Trèves, en Iwwerrescht vun de Verdeedegungsmaueren déi am 14. Joerhonnert vum Jang dem Blanne baue gelooss goufen
- D'Kierch Saint-Pierre
Um Spaweck [änneren]
| Commons: Baaschtnech – Biller, Videoen oder Audiodateien |
|
D'Generol-McAuliffe-Plaz
|
Arel - Baaschtnech - Bouillon - Chiny - Durbuy - Florenville
Houffalize - La Roche-en-Ardenne - Marche-en-Famenne - Neufchâteau - Saint-Hubert - Virton
Arel - Atert - Baaschtnech - Bertogne - Bertrix - Bouillon - Chiny - Daverdisse - Durbuy - Éibeng - Erezée - Étalle - Fauvillers - Florenville - Gouvy - Habay - Herbeumont - Hotton - Houffalize - La Roche-en-Ardenne - Léglise - Libin - Libramont-Chevigny - Manhay - Marche-en-Famenne - Maartel - Meix-devant-Virton - Miezeg - Musson - Nassogne - Neufchâteau - Paliseul - Rendeux - Rouvroy - Saint-Hubert - Saint-Léger - Sainte-Ode - Tellin - Tenneville - Tintigny - Vaux-sur-Sûre - Vielsalm - Virton - Wellin
|
|||
|
Sectiounen: Baaschtnech • Longvilly • Noville • Villers-la-Bonne-Eau • Wardin |