Back in Trouble

Vu Wikipedia
Back in Trouble
Film
Produktiounsland Lëtzebuerg
Däitschland
Produktiounsjoer 1997
Première 25. Oktober 1997
Faarf Faarweg
Originalsprooch Lëtzebuergesch
Ekipp
Regie Andy Bausch
Dréibuch Andy Bausch
Fotografie Martin Gressman
Musek Guy Schmit, Ulrich Kojo Wendt
Produzent Lynx Productions
Wüste Film
Schauspiller
Thierry van Werveke als Johnny Guddebour
alias Johnny Chicago
Ender Frings als Chuck Moreno
Nicole Max als Jenny Jakoby
Oscar Ortega-Sanchez als Coco
Moritz Bleibtreu
Katarina Thalbach als Stankowski
Dietmar Schönherr als Rentner Dinkelmann
Heintz Hoenig als Inspekter Dittmayer
Monique Reuter
Luc Feit als Inspekter Sardelli
Sascha Ley als Juliette Kalmes-Moreno
André Jung
Claudine Thill als Camilla Drache
Frank Sassonof als Jean-Loup
Marie-Christine Faber
Fernand Fox
Fernand Mathes
Moritz Bleibtreu
Sandy Lahure
Ritchie Muller
Fatih Akin als Kebab-Fatih
Filmportal - Filmer no Joren - Film no Länner - Film no Genre

Back in Trouble ass e lëtzebuergesche Film vum Andy Bausch aus dem Joer 1997.

Ëm wat geet et am Film?[änneren | Quelltext änneren]

Den Johnny Chicago gëtt no 10 Joer aus dem Prisong entlooss mam Virsaz, do soubal net méi hannescht ze goen. Säi Kolleeg Chuck Moreno huet an der Tëschenzäit e gereegelt Familljeliewen. Hien ass dofir net grad begeeschtert, wéi den Johnny enges Daags ugeschäert kënnt mat engem "bommeséchere" Plang, wéi een en Zuch kéint unhalen, fir engem räichen däitsche Rentner, dee seng Suen op Lëtzebuerg wëll bréngen, dës ofzehuelen. Dem Moreno säi klenge Brudder Coco awer ass Feier a Flam...

Soss[änneren | Quelltext änneren]

Vum Lëtzebuerger Filmfong krut d'Produktiounsgesellschaft Lynx Productions 1997 14 Millioune Lëtzebuerger Frang als Avance op Akommes vum Lëtzebuerger Filmfong accordéiert.[1]

Back in Trouble ass d'Suite vum Troublemaker, deen den Andy Bausch 10 Joer virdru gemaach huet. De Film gouf vu 15.548 Leit am Kino gesinn.[2]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Rapport d'activité du Ministère de la culture 1997, Mäerz 1998, Säit 147
  2. "Le top 100 des productions et coproductions luxembourgeroises." op cna.public.lu, 12-06-2018.