Bad Banks

Vu Wikipedia
Bad Banks
D'Equipe op der Berlinale
Serie
Produktiounsland Däitschland
Lëtzebuerg
Dauer Pro Saison 6 x 50-54
Originalsprooch Däitsch
Franséisch
Englesch
Lëtzebuergesch
Follgen 6 + 6
Éischt Folleg 2018
Staffelen 2
Episoden 6
Ekipp
Dréibuch Oliver Kienle
Jana Burbach
Jan Galli
Produzent Letterbox Filmproduktion,
Iris Productions
Distributioun Netflix, Hulu
Schauspiller
Paula Beer als Jana Liekam
Barry Atsma als Gabriel Fenger
Désirée Nosbusch als Christelle Leblanc
Albrecht Schuch als Adam Pohl
Mai Duong Kieu als Thao Hoang
Tobias Moretti als Quirin Sydow
Jean-Marc Barr als Robert Khano
Marc Limpach als Luc Jacoby
Germain Wagner als Ties Jacoby
Jörg Schüttauf als Peter Schultheiß
Hana Sofia Lopes als Lola
Eugénie Anselin
Steve Karier


Bad Banks ass eng däitsch-lëtzebuergesch Televisiounsserie. Si gouf 2017 an 2019 vu Letterbox Filmproduktion an Iris Productions, a Koproduktioun mat ZDF an arte produzéiert. Déi éischt Saison gouf am Februar 2018 fir d'éischt gewisen, déi zweet am Februar 2020.

Ëm wat geet et an der Serie?[änneren | Quelltext änneren]

1. Staffel[änneren | Quelltext änneren]

Déi jonk Investmentbankerin Jana Liekam (Paula Beer), schafft zu Lëtzebuerg bei der Crédit International Financial Group. Wéi si stënterlech entlooss gouf, kritt si Hëllef vun hirer fréier Cheffin Christelle Leblanc (Désirée Nosbusch), fir gläich drop bei der Deutsche Global Invest (DGI) zu Frankfurt eng Plaz ze fannen. Als Konterpartie muss d'Liekam hir Insiderinformatiounen iwwer hiren neie Patron liwweren. Si fënnt eraus, datt d'DGI hire Bilan gefälscht hat...

2. Staffel[änneren | Quelltext änneren]

00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.

Produktioun[änneren | Quelltext änneren]

Uganks 2019 goufen zu Lëtzebuerg (Fräihandelszon um Findel, Konferenzzentrum um Kierchbierg, Esch-Belval); Berlin, Frankfurt a London, an op Barbados an de Joffereninselen d'Episode fir eng zweet Saison gedréint.[1]

Fir d'Produktioun vun der zweeter Staffel krut Iris Productions am Juli 2018 e Subside an Héicht vun 1,7 Milliounen Euro vum Lëtzebuerger Filmfong accordéiert.[2] Si hat d'Joer virdru virdru scho 60.000 Euro fir d'Ausschaffe vum Dréibuch krut.[3]

Soss[änneren | Quelltext änneren]

Déi zwou éischt Episode goufen den 21. Februar 2018 am Kader vun der Berlinale 2018 eng éischt Kéier gewisen. Dono hat d'Serie an der ZDF-Mediathéik am Streaming e grousse Succès, ier se dann am Mäerz op arte an am ZDF ze gesi war. Am September-Oktober 2018 ass se och op RTL Tele Lëtzebuerg gelaf.

Déi zweet Saison gouf Enn Januar 2020 an d'Mediathéike vun arte an ZDF gesat an dann de 6. a 7. Februar 2020 op arte a vum 8. bis 10. Februar 2020 am ZDF ausgestraalt. Februar/Mäerz 2020 war se och am Wocherhythmus op RTL Tele Lëtzebuerg ze gesinn.

Auszeechnungen[änneren | Quelltext änneren]

Bad Banks gouf an der Kategorie „Produktioun fir d'Televisioun oder déi nei Medien“ mat dem Filmpräis 2018 ausgezeechent[4].

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Bad Banks – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Böse Blicke bei 'Bad Banks'." wort.lu, 01.03.2019.
  2. filmfund.lu: Comité de Sélection décisions juillet 2018
  3. filmfund.lu: Comité de Sélection décisions septembre 2017
  4. Marc Thill, Filmpräis 2018: And The Winner Is ... "Gutland" op wort.lu den 22. September 2018