Bady Minck

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
D'Bady Minck, 2009 op der Mostra zu Venedeg

D'Bady Minck, gebuer 1962 zu Ettelbréck als Madeleine Bink[1][2], ass eng lëtzebuergesch Kënschtlerin a Regisseurin, déi sech haaptsächlech mat Film ofgëtt. Si ass ganz villsäiteg a lieft a schafft, wéi se schreift, am: Spannungsfeld zwischen Film und bildender Kunst. Si lieft a pendelt tëschent Wien a Lëtzebuerg.

Inhaltsverzeechnes

Formatioun a berufflech Orientatioun [änneren]

Si huet zu Wien un der Akademie der bildenden Künste Sculpture (Meeschterklass vum Bruno Gironcoli) studéiert an un der Hochschule für angewandte Kunst (Meeschterklass vum Oswald Oberhuber a Maria-Lassnig-Klass) Molerei an experimentelle Film. Hir Wierker gi verbreet, net nëmmen iwwer de Kino, mä och duerch Ausstellungen (ë. a. Centre Pompidou Paräis, Moskau Biennale, Biennale di Venezia, Kunsthalle Wien, Mudam Lëtzebuerg, Lincoln Center New York), Filmfestivallen (ë. a. Festival de Cannes, Berlinale, Toronto, Melbourne), Internet a Konferenzen. Si ass Matgrënnerin vun der Amour-Fou-Filmproduktioun zu Wien an der Produktiounsfirma Minotaurus Film, déi zu Lëtzebuerg hire Sëtz huet. Hir Filmer goufen op méi wéi 300 Filmfestivalle gewisen.

Am Joer 2009 ass si Member vum Jury vum Filmfestival Venedeg [3]

Filmer vun der Bady Minck [änneren]

  • 2008 Schein Sein, 8 Min., Dréibuch/Regie
  • 2007 Free Radicals, 95 Min., Konzept/Regie
  • 2007 Das Sein und das Nichts, 10 Min., Dréibuch/Regie
  • 2005 La Belle est la Bête, 3 Min., Dréibuch/Regie
  • 2003 Im Anfang war der Blick, 45 Min., Dréibuch/Regie
  • 1996 Mécanomagie, 16 Min., Dréibuch/Regie
  • 1995 Attwengers Luft, 3 Min., Dréibuch/Regie
  • 1988 Der Mensch mit den modernen Nerven, 8 Min., Dréibuch/Regie an Zesummenaarbescht mam Stefan Stratil

Um Spaweck [änneren]

Commons: Bady Minck – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen [änneren]