Baha'i

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

Bahá'í ass eng Relioun, déi am 19. Joerhonnert vum Perser Bahá'u'lláh gegrënnt gouf. Als Bahá'i bezeechne sech och d'Unhänger vum Bahá'u'lláh senger Léier.

D'Zil vun der Bahá'í Relioun ass eng geeschteg Erneierung an eng ëmfaassend Vereenegung vun der ganzer Mënschheet. De Bahá'u'lláh gëtt de Reliounsgrënner virun him, déi sech a verschidden Epochen un d'Mënschheet geriicht hunn, voll Unerkennung. D'Baha'i-Relioun erweidert de Räichtum vun de Reliounen, déi existéieren, mat neie Léieren.

D'Bahá'í Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Den eigentlechen Ufank vun der Bahá'í Geschicht, an och den Ufank vum Bahá'í Kalenner geet op d'Joer 1844 zréck. An der persescher Stad Shiras hat de Báb, also de Virleefer vum Bahá'u'lláh, verkënnegt, datt d'Mënschheet am Ufank vun engem neien Zäitalter stéing. Deen am Islam awer och am Juddentum a Chrëschtentum ugekënnegten Dag vu Gott wier elo komm. Zur selwechter Zäit huet hie verkënnegt, datt sech Bahá'u'lláh elo gläich géif mat engem Message un d'ganz Mënschheet riichten.

Deen Ulaf, deen dës Bewegung ënner Theologiestudenten, Geléierten an der breeder Bevëlkerung vu Persie fonnt huet, huet hefteg Oppositioun a grausam Verfolgunge vu Säite vun der islamescher Geeschtlechkeet an de weltleche Leaderen erbäigeruff. De Báb gouf 1850 ëffentlech higeriicht an Dausende vu sengen Unhänger hunn hiert d'Liewen als Märtyrer verluer. De Bahá'u'lláh huet fir d'éischt zu den Unhänger vum Báb gehéiert, bis hien 1853 – a schonn a Gefaangeschaft – duerch eng Visioun seng Beruffung als dee vum Báb ugekënnegte Erneierer vun all de Relioune bis haut, gewuer gouf. Hie gouf aus sengem Gebuertsland verbannt, iwwer Bagdad bis an d'Festungsstad Aká bei Haifa. Do war e bis zu sengem Doud am Joer 1892 e Prisonéier.

Säi Jong 'Abdu'l-Bahá, (1844-1921), war zu Liefzäite sengem Papp deem seng riets Hand. Sou huet de Bahá'u'lláh hien och a sengem Testament zum Ausleeër vu senge Schrëfte gemaach. Den 'Abdu'l-Bahá ass fir all Bahá'í e Virbild. Vun 1911 bis 1913 huet hien duerch seng Reesen d'Bahá'í Relioun an Europa an an Amerika bekannt gemaach. Sou koum hien z. B. och ob Suttgart, London a Paräis. Vun 1921 bis 1957 huet säin Enkel Shoghi Effendi d'Geschécker vum Glawe geleet, e Glawen, dee sech an där Zäit iwwer vill Länner verbreet huet. Zanter 1963 steet d'Universaalt Haus vun der Gerechtegkeet un der Spëtzt vun der Weltgemeng, mat zur Zäit iwwer 6 Milliounen Unhänger, 182 nationalen an iwwer 12000 lokale geeschtege Réit.

D'europäescht Haus vun der Andacht steet zu Hofheim-Langenhain.

D'Baha'i-Communautéit[änneren | Quelltext änneren]

De Baha'i Tempel zu Haifa

D'Bahá'í-Communautéit an hiren Opbau ginn an de Grondzich op de Bahá'u'lláh selwer zréck. Amplaz vun de Paschtéier an dem Klerus – wéi an de fréiere Reliounen – sinn et gewielte Gremien, déi fir d'Uleie vun der Gemeng verantwortlech sinn. An dëse Gremien an an de regelméissegen 19-Deeg-Fester, gëtt d'Bahá'í Berodung praktizéiert.

Bei dëser Berodung gëtt et keng Parteien a Fraktiounen, keng preparéiert Entscheedungen iwwer déi nëmmen nach ofgestëmmt gëtt. Méi gëtt jiddweree sech Méi, aus dem Zesummentreffe vun de verschidde Meenungen d'Wourecht ze fannen. Am Geescht vun der Eenegkeet ginn déi getraffe Majoritéitsentscheedunge vu jiddwerengem voll ënnerstëtzt. Zu den Theme vun der Berodung zielen nieft der Gestaltung vun de regelméissege Gemengeversammlungen (d'19-Deeg-Fester an d'Bahá'í Feierdeeg) och d'Kannererzéiung, Koordinatioun an d'Verdéiwung vun der Gemeng an dat ëffentlecht a soziaalt Engagement am Geescht vun de Bahá'í Léieren. D'Bahá'í Wale sinn demokratesch, awer et gëtt keng Walpropaganda oder eng Kandidatur. Nëmmen déi perséinlech Eegeschaften zielen. No dësem Prinzip gëtt an all Uertschaft all Joer e Geeschtege Rot als Féierungsgremium gewielt, an an all Land en Nationale Rot. Fir d'ganz Bahá'í Welt gëtt all 5 Joer d' Universalt Haus vun der Gerechtegkeet gewielt, mat hirem Sëtz um Bierg Karmel zu Haifa an Israel.

Wat heescht et Bahá'í ze sinn?[änneren | Quelltext änneren]

Sech als Bahá'í erklären heescht Member vun enger weltwäiter Communautéit ginn. Am Mëttelpunkt vum Gemeinschaftsliewen ass d'19-Deeg-Fest. Dat ass am Ufank vun all Bahá'í Mount – de Bahá'í Kalenner huet 19 Méint mat 19 Deeg – an huet 3 Deeler: Gebieder a Mediatioun, Berodung vun der Gemeng an e gesellegt Zesummesinn. An der Bahá'í Relioun gëtt et keng Geeschtlech a keng Kierch. Jiddweree soll selbstänneg no der Wourecht sichen, sech Gott zoudréien a sech fir d'Wuel vun der Mënschheet asetzen.

Bahá'í ass jiddwereen, deen de Bahá'u'lláh als Gottesoffenbarer unerkennt an a senge Léieren d' Medezin fir d'Besoine vun eiser Zäit gesäit. E Bahá'í gëtt awer och all den anere Reliounen déi gläich Unerkennung. Sou gëtt et zum Beispill an den Haiser vun der Andacht regelméisseg Liesungen aus den hellege Schrëfte vun all de Reliounen. D'Bahá'í Haiser vun der Andacht hunn all, architektonesch gesinn, eppes gemeinsam: Si hunn all 9 Entréeën an eng zentral Kuppel als Zeeche vun der geeschteger Eenheet vun de Reliounen an der Mënschheet. Déi 9 Agäng symboliséieren d'Ouverture fir all d'Reliounen an hir Unhänger. Zur Zäit gëtt et op all Kontinent een Haus vun der Andacht, fir Europa ass dat bei Frankfurt.

Fir d'Bahá'i ass Aarbecht, déi am Geescht vum Déngscht un der Mënschheet gemaach gëtt, gläichgestallt mam Gottesdéngscht. Hir Relioun ënnerstëtzt d'Gläichstellung vu Mann a Fra, eng héich Wäertschätzung vun der Famill, Offenheet a Gaaschtfrëndlechkeet, déi beschtméiglech Erzéiung fir d'Kanner an d'Bestriewen, sech weider z'entwéckelen an d'Eenheet vun der Mënschheet ze fërderen.

D'Bahá'i Vue vu Gesellschaft a Politik[änneren | Quelltext änneren]

De Bahá'i no huet mam Zesummewuesse vun de Vëlker vun der Äerd d'Geschicht vun der Mënschheet, déi de Bahá'u'lláh virausgesinn hätt, als d'Geschicht vun engem Vollek ugefaangen. D'Tatsaach, datt een d'Welt nach dacks an zwee deelt; deen entwéckelten Deel an deen Deel dee sech entwéckelt, wier op kee Fall eppes, wat vu Gott kënnt. Geneesou wéineg d'Tatsaach, datt ee klengen Deel vun der Mënschheet en onwahrscheinleche Räichtum opkéipt. An de Léiere vu Baha'u'llah gesi si ee Wee, iwwer deen d'ganz Weltbevëlkerung d'Responsabilitéit fir hiert gemeinsaamt Schicksal iwwerhuele géif. Den zentrale Gedanke vun dësem Wee ass de Fait, datt ee sech méi a méi bewosst ginn, datt d'Mënschheet eng Eenheet ass.

Déi haiteg Gesellschaft a Politik wier awer nach wäit vun dësem Wee ewech. Virun honnert Joer schonn huet de Baha'u'llah d'Welt mam mënschleche Kierper verglach. All Zellen droen an hirer Villfalt zum gudde Fonctionnement an Zesummeschaffe vum Ganze bäi. Mir géifen eréischt ganz am Ufank vun dësem Entwécklungsprozess sinn, an dat géif vun eis en Ëmdenken an en Ëmléieren a ville Beräicher verlaangen. De Léiere vum Baha'u'llah no stéinge mir am Ufank vum Erwuessesi vun der Mënschheet; an enger Welt wou Krich als es Geschir vun der Politik fir ëmmer wäert ofgeschaf ginn.

D'Weltuerdnung, déi de Baha'u'llah verkënnegt huet, ass an den Ae vu sengen Unhänger eppes Neies fir déi ganz Reliounsgeschicht. Virgesi si global Steierungsmechanisme wéi e Weltparlament, e Weltschiidsgerichtshaff an eng Weltgouvernance, déi vun der ganzer Mënschheet gedroe solle ginn. Fir d'Bahá'i ass sou eng nei Weltuerdnung, wéinst der Entwécklung vun de leschte Joren zu ëmmer méi Globaliséierung an de Beräicher Wirtschaft a Kommunikatioun, dréngend néideg. Op länger Zäit gesi wieren d'Friichten dovu sozial Gerechtegkeet fir jiddwereen, an en dauerhafte Weltfridden.

Als netstaatlech Organisatioun vun de Vereente Natiounen ënnerstëtzt d'international Bahaicommunautéit zanter 1948 hir Ziler, sou zum Beispill d'Mënscherechter, Ofrüstung, Entwécklung a Fridden, Ëmwelt, Drogebekämpfung, Gläichberechtegung vun de Fraen an d'Besäitegung vu Rassendiskriminéierung. 1980 gouf zu Lëtzebuerg déi vun de Bahá'i inspiréiert Netregierungsorganisatioun Unity Foundation gegrënnt a 1991 vum Ausseministère unerkannt [1].

Referenzen[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Bahá'í Faith – Biller, Videoen oder Audiodateien