Baillaud (Moundkrater)

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
De Moundkrater Baillaud
Moundkrater Baillaud
Eegeschaften
Breet 74,6° N
Längt 37,5° O
Duerchmiesser 89 km
Déift 2,0 km
Selenographesch Längt 328° bei Sonnenopgank
Genannt nom Benjamin Baillaud

Den Aschlagkrater Baillaud läit no beim Nordpol vum Äerdmound. Säi Rand ass staark erodéiert an duerch vill Aschléi ëmfaasst de Krater en hiwwelege Grat. Am Nordosten gëtt hien deelweis vum Krater Euctemon iwwerlagert, wouduerch hien no Nordwesten ausgebëlzt ass. Am Süden feelt de Rand ganz an de Krater ass do mat engem Lavafeld verbonnen.

Den Interieur vum Moundkrater Baillaud ass duerch fréier Lavastréim iwwerschwemmt ginn, sou datt seng glat Fläch sech duerch vill kleng Krater an der westlecher Hallschent charakteriséiere léisst. An him befënnt sech de Niewekrater Baillaud E.

Et gëtt weder en Zentralbierg nach aner signifikant Grate am gabzen Interieur vum Moundkrater. Am südwestlechen Ëmfeld vum Krater befënnt sech d'Gelännformatioun Meton. Weider am Osten trëfft een op de Moundkrater Petermann.

D'Verkierzung vun der Siichtlinn op d'Äerd ass verantwortlech dofir, datt de Moundkrater Baillaud längelzeg ausgesäit.

Inhaltsverzeechnes

Ugrenzend Krateren [änneren]

Normalerweis fënnt een op Moundkaarte de Buschtaf op der Säit vum Kratermëttelpunkt, deen am nächsten beim Baillaud läit.

Baillaud Breet Längt Duerchmiesser
A 75,7° N 48,8° O 56 km
B 73,0° N 33,3° O 17 km
C 75,0° N 51,4° O 11 km
D 73,6° N 49,7° O 16 km
E 74,3° N 36,0° O 14 km
F 75,7° N 53,7° O 20 km

Literatur [änneren]

Um Spaweck [änneren]

Kuckt och [änneren]

Saturn 01.svg Portal Astronomie