Baily Pärelen

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Baily-Pärelen

D'Baily Pärelen (engl. Baily's Beads), och Pärelschnouerphenomen genannt, sinn en optescht Phenomen, dat bei enger totaler oder rankfërmeger Sonnendäischtert observéiert ka ginn. Beschriwwen gouf et fir d'éischt vum engleschen Astronom Francis Baily am Joer 1836.

D'Phenomen geschitt duerch d'Denivellatiounen op der Äerdmounduewerfläch. Kuerz vir an no der totaler Däischtert liicht d'Sonn duerch d'Däller tëschent de Moundbierger. Fir e puer Sekonnen triede Liichtpunkten um Moundrand op, déi wéi Pärelen un enger Schnouer opgereit sinn. Als besonnesche Fall entsteet duerch en eenzelne Liichtpunkt den "Diamanterank", ongeféier wéi op der Foto niewendrun.

Kuckt och [änneren]

Saturn 01.svg Portal Astronomie

Um Spaweck [änneren]